Dat behaapt eng nei Etüd vun Agora Energiewende. Deemno hätt Däitschland am Joer 2025 seng Zäregas-Emissiounen ëm 1,5 Prozent reduzéiert. D‘Land géif domat fir den Ament zwar seng Klimaziler nach erreechen, mee d‘Reduktioun zejoert war nëmmen hallef esou vill wéi déi 3 Prozent am Joer 2024, an am Joer 2023 waren d‘Ausstéiss nach ëm 10 Prozent gefall.
Der Etüd no géif Däitschland an deem Rhythmus riskéiere säi Klimazil fir 2030, vun enger Reduktioun vu 65 Prozent par Rapport zu 1990, net ze erreechen.