Aktuelle Ministerpresident ass den Dietmar Woidke. Hien hat eng Koalitioun mat der CDU an de Gréngen. De Woidke huet annoncéiert, just weider wëllen ze maachen, wa seng Partei stäerkste Kraaft bleift.
Sondagë soe viraus, datt eng Koalitioun vun SPD, CDU a BSW – Bündnis Sahra Wagenknecht - méiglech kéint sinn. Déi Gréng an déi Lénk leien a Sondagen ënnert der 5 Prozent Barrière. D‘FDP huet a Brandenburg keng Chancen eranzekommen.