arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitschland ass elo de véiert gréisste Waffenexportateur an iwwerhëlt China

Rüstungsindustrie

|
headphones

1 min

Däitschland ass elo de véiert gréisste Waffenexportateur an iwwerhëlt China

Déi däitsch Rüstungsindustrie ass am Opschwong. Däitschland ass elo dee véiert gréisste Waffenexportateur, viru China. Dat geet aus dem neie Rapport vum Friddensfuerschungsinstitut Sipri zu Stockholm ervir. D'USA bleiwen de gréisste Waffenexportateur, viru Frankräich a Russland.

headphones

1 min

© picture alliance / SZ Photo | Friedrich Bungert
(Foto: picture alliance / SZ Photo | Friedrich Bungert)

Bal ee Véierel vun den däitsche Waffenexporter tëschent 2021 a 2025 goungen un d‘Ukrain. 17 Prozent géifen an aner europäesch Länner exportéiert ginn. Mee och Liwwerungen aus Däitschland a sougenannten "traditionell Exportziler" wéi Ägypten an Israel wieren eropgaangen, esou d'Sipri-Expertin Katarina Djokic.

Gréissten Driff: Krich an der Ukrain

De Grond, datt Rüstungsindustrie boomt, bléift awer virrangeg de Krich an der Ukrain. Déi russesch Aggressioune géifen och aner Länner an Europa dozou bréngen hir Rüstungsindustrie eropzefueren, wéi et am Rapport heescht. Mee och d'Onsécherheet, ob d'USA am Fall vun enger Attack op ee vun den NATO-Länner dëst verteidege géif, dreift d'Investitiounen a Waffen, Panzer an Ofwiersystemer an Europa un. 

Europa keeft och däitlech méi Waffen an. De Waffenimport hätt sech verdräifacht, esou d'Friddensfuerschungsinstitut zu Stockholm.