Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
search

/ Bundestagswalen an Däitschland: CDU a Gréng leien an den Ëmfroe vir

Déi Gréng huelen op

Bundestagswalen an Däitschland: CDU a Gréng leien an den Ëmfroe vir

An Däitschland bleiwen d’Kanzlerkandidaten vun der CDU a Gréng an den Ëmfroe vir. Souwuel de Friedrich Merz (CDU) wéi de Robert Habeck (Bündnis 90/Die Grünen) leie bei engem Score vu 27 Prozent.

auto_stories

1 min

Robert Habeck (Bündnis 90/Die Grünen) | © picture alliance / Geisler-Fotopress | Bernd Elmenthaler/Geisler-Fotopr
Foto: picture alliance / Geisler-Fotopress | Bernd Elmenthaler/Geisler-Fotopr

De Robert Habeck konnt zënter der leschter Ëmfro zouleeën. Den Olaf Scholz (SPD) kënnt nëmmen op 14 Prozent.

Bei der Sonndesfro läit d'CDU mat 30 Prozent un der Spëtzt, déi Gréng kéimen op 15 Prozent a leien domadder virun der SPD mat 14 Prozent. D‘FDP kéim net iwwer 4 Prozent eraus.