arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Däitschland: 5,8 Prozent méi Salaire fir Mataarbechter am ëffentlechen Déngscht

Däitschland

|
headphones

1 min

Däitschland: 5,8 Prozent méi Salaire fir Mataarbechter am ëffentlechen Déngscht

An Däitschland gëtt et een Duerchbroch an den Tarifverhandlungen am ëffentlechen Déngscht. Gewerkschaften a Patronat hätten sech op een Accord gëeenegt. Deemno solle Mataarbechter an der Fonction publique, dorënner Enseignanten, Fleegepersonal a Polizisten am ganze 5,8 Prozent méi Salaire kréien.

headphones

1 min

Verdi-Protestpiquet vun ëffentlechen Déngscht an Nordrhein-Westfalen | © EPA/CHRISTOPHER NEUNDORF
Verdi-Protestpiquet vun ëffentlechen Déngscht an Nordrhein-Westfalen (Foto: EPA/CHRISTOPHER NEUNDORF)

Dëst soll schrëttweis an 3 Phasen ofgewéckelt ginn, dat huet déi zweetgréisst däitsch Gewerkschaft Verdi matgedeelt. Insgesamt sinn an Däitschland iwwer 3 Milliounen Aarbechter a Pensionnairë vun dëser Salaireserhéijung concernéiert.