arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Däitschland 2025: E schwéiere Start fir de Friedrich Merz

Réckbléck

|
headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Däitschland 2025: E schwéiere Start fir de Friedrich Merz

Dat politescht Joer 2025 war an Däitschland gepräägt vum Regierungswiessel. D'Ekipp ëm den neie Bundeskanzler Friedrich Merz ass ugetrueden, fir de Chaos vun hire Virgänger vun der Ampel-Regierung ze berouegen. Gelongen ass dat bis elo net - am Géigendeel.

headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Friedrich Merz | © picture alliance/dpa | Michael Kappeler
Friedrich Merz (Foto: picture alliance/dpa | Michael Kappeler)

E Joreswiessel am Walkampf - dat gouf et bis Ufank vun dësem Joer laang net an Däitschland. Mee dat, wat u sech hätt solle virun de Walen diskutéiert ginn - d’Wirtschaft, de Logement, déi chaotesch Virgängerregierung - war net laang Theema: D’Attentater vu Magdeburg an Aschaffenburg dréien de Fokus séier op d’Migratioun, och beim Kanzlerkandidat Friedrich Merz.

“Wir stehen vor dem Scherbenhaufen einer in Deutschland, seit zehn Jahren fehlgeleiteten Asyl- und Einwanderungspolitik.”

Majoritéit duerch AfD-Stëmmen

Nach virun der Bundestagswal am Februar verschäerft d’Parlament d’Migratiounspolitik. An d’Unioun vun CDU an CSU hëlt a Kaf, datt hir Propose mat Stëmme vun der rietsextreemer AfD eng Majoritéit kréien. Schaarf Kritik gëtt et dofir vum SPD-Mann Lars Klingbeil. 

“Ich sage Ihnen, Sie begehen einen historischen Fehler.”

E Mount drop gewënnt d’Unioun trotzdeem - oder vläicht dowéinst - d’Bundestagswal. D’Land ass politiséiert: Ni gouf et am re-unifiéierten Däitschland eng méi héich Walbedeelegung. De Friedrich Merz gëtt Bundeskanzler an enger schwaarz-rouder Regierung mat der SPD - eng grouss Koalitioun, déi am Parlament awer just eng knapp Majoritéit huet.

Eng Regierung, déi struewelt

Mee d’Kanzlerschaft Merz geet mat Chaos un: De Friedrich Merz gëtt als éischte Bundeskanzler net am éischte Walgang gewielt. Just well d’Lénkspartei him entgéint kënnt, kann de Kanzler nach um selwechten Dag am zweete Walgang gewielt - an duerno vereedegt ginn.

An déi nei Regierung fënnt och duerno net zu Rou: Bei der Sich no neie Verfassungsriichter:innen, an um Enn vum Joer bei der grousser Pensiounsreform struewelt d’Regierung fir eng Majoritéit op d’Been ze stellen.

Wéinstens an der Aussepolitik fënnt de Friedrich Merz seng Stëmm. Als staarken europäesche Partner fir d’Ukrain, dee probéiert dem Donald Trump Kontra ze bidden. Sollt him dat an den nächste Méint awer net geléngen, kéint 2026 fir de Friedrich Merz en ellent Joer ginn.

play_arrow Lauschteren