Den Donneschdeg hat d'Ampel-Koalitioun een éischte Mesurëpak virgestallt, fir géint islamisteschen Terror an irregulär Migratioun virzegoen. Ënner anerem soll d'Messerverbuet verschäerft ginn a verschidden Asyldemandeure solle Sozialleeschtunge gestrach kréien. Ausserdeem soll et méi einfach ginn, deboutéiert Asyldemandeuren ze expulséieren.
D'Oppositioun huet dann och schonn op déi Decisioun reagéiert: Der CDU an der CSU geet dëse Mesurëpak net wäit genuch. Bei de Gespréicher haut missten den Dublin-Prinzip a méi konsequent Expulsiounen op den Dësch, esou den CDU-Generalsekretär Carsten Linnemann.
Däitschland expulséiert éischt afghanesch Staatsbierger an Afghanistan
Um Flughafen Leipzig/Halle ass de Moien ee Vol mat mat afghaneschen Staatsbierger a Richtung Kabul gestart, fir si zeréck an hiert Heemecht ze bréngen. Dat huet ee Regierungsspriecher an de sächseschen Inneministère confirméiert. Et ass deen éischte Voll mat expulséierten Persounen vun Däitschland aus zanter der Muechtiwwernahm vun den Taliban am Afghanistan am Joer 2021. An dem Fliiger sollen 28 afghanesch Stroftäter setzen, géint déi Uerderen fir eng Expulsioun virleien, esou anch ee Regierungsspriecher.