Fir d'Stëmmung an enger Regierung ass et bal ni vu Virdeel, wann eng Ministesch eng Ausso vun hirem Regierungschef als "Bullshit" bezeechent. Mee genee dat war d'Ausgangslag, mat där déi schwaarz-rout Regierung zu Berlin gëschter um Mëttwoch zesummekoum.
Sträitpunkt Bürgergeld
De Bundeskanzler Friedrich Merz hat e Sonndeg gesot, Däitschland kéint sech säi Sozialstaat net méi leeschten. D'Aarbechtsministerin Bärbel Bas vun der SPD hat hiert dozou gesot.
Gëschter um Mëttwochowend huet de Bundeskanzler dowéinst kloergestallt, datt och hie vläicht verbal bëssen dernieft gegraff hätt. De Sozialstaat sollt jiddefalls bestoe bleiwen.
Am Zentrum vun den Diskussiounen tëschent Unioun an SPD a Punkte Sozialreform: D'Bürgergeld. D'Unioun wëllt bei dëser Sozialleeschtung Sue fir de Budget aspueren.
Wéi dat am Detail kéint ausgesinn: Leit, déi kënne schaffen, dat awer net maachen, sollen an Zukunft méi staark sanktionéiert ginn. Ausserdeem solle Refugiéen aus der Ukrain, déi no Abrëll 2025 an Däitschland komm sinn, kee Bürgergeld méi kréien.
Datt Unioun an SPD sech eens wieren, datt et Reforme brauch, dat huet och d'Aarbechtsministesch Bärbel Bas ënnerstrach.
No zwee Béier war alles nees gutt
Grousst Theema nieft de Sozialreforme war awer och déi wirtschaftlech Situatioun an Däitschland, ugefaange mat der Industrie. De Kanzler Merz huet direkt zwee Sommeten annoncéiert: Ee fir d'Stolindustrie, déi nach ëmmer ënner héijen Douanestariffer géif leiden, an ee fir d'Autosindustrie.
Virum Hannergrond, datt an Däitschland aktuell nees méi wéi dräi Millioune Leit aarbechtslos gemellt sinn, ass d'Koalitioun ënner Drock.
Mee déi däitsch Regierung gëtt sech kämpferesch a weist sech vereenegt. Esouguer de Friedrich Merz an d'Bärbel Bas verdroe sech nees. Si hätten Ufank der Woch zesummen zu Owend giess. No zwee Béier wier alles nees OK gewiescht, esou d'Aarbechtsministesch.
Reschtbudget vun 2025 muss beschloss ginn
Op d'Koalitioun waarden awer direkt nach e puer Erausfuerderungen. Ugefaange mat der Wal vun den neie Verfassungsriichter, déi Ufank vum Summer zolidd an d'Box gaange war.
A wann de Bundestag am September nees zesummekënnt, muss de Reschtbudget vun 2025 an déi éischt Hallschent vum Budget vum nächste Joer beschloss ginn.
Wou déi Sue sollen hierkommen, weess d'Koalitioun bis elo nach net.