Den däitsche Kanzler Olaf Scholz huet 'Hiriichtung vun deem 69-Joer ale Jamshid Sharmahd ee Skandal genannt. Et géif weisen, wéi onmënschlech de Regimm zu Teheran ass, esou den däitsche Regierungschef.
Den Oppositiounschef Friedrich Merz fuerdert, datt den iraneschen Ambassadeur aus Däitschland elo misst ausgewise ginn. Och d'Mënscherechtsorganisatioun Amnesty International fuerdert Konsequenzen.