Zu deene Fraise gehéieren och Depensë fir d'Verfleegung vun de Beamten an de Finanzement vun Openthalter an Hoteller. D'Tagesschau mellt, datt an Tëschenzäit 14.000 Polizisten op den däitsche Grenzen am Asaz sinn. Den däitschen Inneminister Alexander Dobrindt hat viru Kuerzem annoncéiert, datt d'Kontrollen nach verlängert wäerte ginn.
arrow_back_ios
Noriichten
Grenzkontrollen
|Däitsch Grenzkontrollen hu bis elo iwwer 80 Milliounen Euro kascht
D'Grenzkontrollen, déi Däitschland zënter engem Joer verstäerkt mécht, hu bis elo iwwer 80 Milliounen Euro kascht. De gréisste Käschtepunkt ass d'Bezuele vun den Iwwerstonnen, déi d'Beamte maachen, dat geet aus der Äntwert op eng Fro vun den däitsche Lenken ervir.
Grenzkontrollen un der däitsch-Lëtzebuerger Grenz (Foto: picture alliance / Foto Huebner)