arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Strack-Zimmermann: Attack op Venezuela dierf net vun der EU akzeptéiert ginn

Ugrëff op Venezuela

|
headphones

1 min

Strack-Zimmermann: Attack op Venezuela dierf net vun der EU akzeptéiert ginn

Déi europäesch Leadere missten den USA kloer ze verstoe ginn, datt een d'Attack op Venezuela net akzeptéiert, wann een net wéilt, datt a Grönland eppes Änleches geschitt. Där Meenung ass déi däitsch FDP-Politikerin an Europadeputéiert Marie-Agnes Strack Zimmermann am 100,7 Interview.

headphones

1 min

Venezuela | © EPA/ROLEX DELA PENA
Venezuela (Foto: EPA/ROLEX DELA PENA)

Et dierft een net méi dauernd virum Donald Trump zeréckschrecken, esou d'Marie-Agnes Strack-Zimmermann.

D’Europadeputéiert mengt, den US-President hätt de Sécherheetsaspekt en Vu vu Venezuela just als Virwand genotzt. Et géif dem Donald Trump ëm Muecht an ëm Pëtrolsreserve goen, esou d’Marie-Agnes Strack-Zimmermann. Si fäert, datt et am Fall vu Grönland änlech kéint goen, wann d’EU sech net kloer positionéiert.

EU muss un den "Dësch vun de Mächtegen"

Wann d’EU dat nämlech net géif maachen, kéinten aner Länner an Zukunft d'selwecht wéi d’USA handelen, mengt d’FDP Politikerin an Europadeputéiert Marie-Agnes Strack-Zimmermann.

"Es geht um die grundsätzliche Regel und wie leben wir in Zukunft, wenn diese Welt aufgeteilt wird. Was macht denn Russland jetzt? Die reiben sich die Augen und sagen auch, was die Amerikaner können, können wir auch. Was macht denn China in der Taiwan-Frage? Die Drohgebärden Chinas letzte Woche wurden von den Amerikanern nicht mal kommentiert. Und das müssen wir als Europäer erkennen."

D'Europäer missten nees un den Dësch vun de "Mächtegen", esou d'Marie-Agnes Strack-Zimmermann. Dat géif heeschen, datt een och ënner Frënn misst däitlech Wierder fannen.