Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
search

/ Däitsch Ekonomie méi robust wéi geduecht

Croissance an der Eurozon

Däitsch Ekonomie méi robust wéi geduecht

D‘Croissance an der Eurozon ass am 3. Trimester däitlech méi grouss, wéi erwaart gi war. De PIB ass ëm 0,4 Prozent par Rapport zu den 3 Méint virdru geklommen. Dat wier, wéi Eurostat matdeelt, bedéngt duerch déi däitsch Ekonomie, déi vill méi robust ass, wéi erwaart.

auto_stories

1 min

© Ana Gram / Adobe Stock
Foto: Ana Gram / Adobe Stock

Am drëtte Quartal ass de PIB an der gréisster Ekonomie an Europa - anescht wéi virausgesot - ëm 0,2 Prozent ugezunn. Ekonomisten hate mat engem Réckgang gerechent. Am zweete Quartal war de PIB an Däitschland nach geschrumpft a war an eng technesch Rezessioun gerutscht.

Och a Frankräich ass d‘Wirtschaft am 3. Trimester rëm gewuess, an zwar ëm 0,4 Prozent vum PIB.