arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Däitsch CDU: Debatt ëm eventuell Zesummenaarbecht mat der AfD

Däitschland

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Däitsch CDU: Debatt ëm eventuell Zesummenaarbecht mat der AfD

Déi rietsnational an an Deeler rietsextrem AfD ass an Däitschland an de Sondage grad stäerkste politesch Kraaft. Dat huet besonnesch bei der konservativer CDU nees eng Debatt doriwwer ausgeléist, ob eng Zesummenaarbecht mat der AfD méiglech sollt sinn oder net. 

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© EPA/CLEMENS BILAN
(Foto: EPA/CLEMENS BILAN)

Eng Réi prominent CDU-Politiker hu sech fir méi Oppenheet zur AfD staark gemaach.

Fir de Bundeskanzler Friedrich Merz ass et net mol eng Diskussioun. Et géif tëschent senger CDU an der AfD keng Gemeinsamkeet ginn, sot den däitsche Bundeskanzler um Weekend op enger ëffentlecher Veranstaltung am Sauerland. Et géif fundamental Ënnerscheeder tëschent de béide Parteien. 

Kloer Wieder vum Bundeskanzler

Eng Zesummenaarbecht mat enger Partei déi alles a Fro stellt, wat d‘Bundesrepublik an de leschte Joerzéngte staark gemaach hätt, géif et net ginn.

"Zumindest nicht mit mir als Vorsitzendem der CDU Deutschlands, ich will das hier in aller Klarheit sagen.."

Datt de Friedrich Merz seng politesch Zukunft direkt mat dëser Fro verknäppt, ass e Signal un de Rescht vu senger Partei. Well an der CDU sinn an de leschten Deeg a Wochen nees Stëmmen haart ginn, déi soen. Déi vill zitéiert Brandmauer um rietse Bord zur AfD, déi sollt ofgerappt ginn.

"Stigmatiséierung féiert net dozou, datt d'AfD verschwënnt"

Zu de Supportere vun där Thees gehéieren de fréiere Verdeedegungsminister Karl-Theodor zu Guttenberg, an och de fréieren CDU-Generalsekretär Peter Tauber. An engem Podcast vun der BILD sot hien.

"Das sind Schmuddelkinder, dass das nicht dazu führt, dass Menschen sich von dieser Partei abwenden. Diese reine Stigmatisierung die führt erkennbar nicht dazu, dass die AfD eingedampft wird oder gar verschwindet."

An der CDU gelt weiderhin de sougenannten Unvereinbarkeitsbeschluss. Genee wéi mat der Lénkspartei schléissen d’Chrëschtdemokraten eng Zesummenaarbecht mat der AfD aus. Allerdéngs seet de Friedrich Merz och: d’CDU dierft net hir eege Politik veränneren, just well d’AfD aus taktesche Grënn géif CDU-Proposen ënnerstëtzen. Dann nämlech géif d’AfD iwwert de Cours vun der CDU bestëmmen.

play_arrow Lauschteren