Zu de groussen Theemen um Parteikongress huet den Tripartitesaccord gehéiert, dee jo een Donneschdeg bei de Verhandlunge vun der Regierung mat de Sozialpartner zu Senneng erreecht gi war.
DP zefridde mam Resultat vun der Tripartite
Natierlech wieren dat schwéier Verhandlungen an enger onsécherer wirtschaftlecher Situatioun gewiescht, esou d’Partei-Presidentin Carole Hartmann. Si huet sech immens frou gewisen, datt d’Partner sech eens gi sinn, fir “gutt Léisunge fir d’Leit a Betriber” ze fannen. Zu de verschiddene Mesuren huet si näischt gesot.
De Vizepremier Xavier Bettel sot iwwerdeems, datt hie frou wier, datt een et fäerdeg bruecht hätt, de Leit ze hëllefen, awer net op Käschte vun den Entreprisen.
Zur Entscheedung beim Mindestloun huet hien erkläert.
"Et soll ee keng Politik géint déi kleng Leit maachen, et soll ee keng Politik maache géint d’Betriber."
Och bei anere Krisen an der Vergaangenheet hätt een et fäerdeg bruecht, Léisungen an déi “richteg Äntwerten” ze fannen.
"...andeems mer zesumme mat enger Regierung Decisioune geholl hunn. An ech weess, Jidderee géif jo am Léifsten hunn, datt ech géif soen, et ass esou komplizéiert an der Regierung. Nee, et geet, ech muss Iech enttäuschen, och d’Press, sorry. Et geet. Also mir gi gutt eens, mir schaffe gutt mateneen. Mee déi bescht Léisungen hu mer ëmmer fonnt, wann eng demokratesch Partei och an der Regierung war."
Esou de Xavier Bettel, knapp zwee an een halleft Joer virun den nächste Chamberwalen.
Mam Xavier Bettel als Vizepremier an Ausseminister hätt een den “allerbeschten Ambassadeur” fir d’Valeure vun der Demokratescher Partei, dee Lëtzebuerg sech kéint virstellen, hat d’DP-Presidentin Carole Hartmann virdru gesot.
Verteidegung als ee Sujet
D’Carole Hartmann huet an hirer Ried och déi méi héije Verdeedegungseffort thematiséiert. Dat wier kee Militarismus, mee Verantwortung, esou d’Presidentin vun der Demokratescher Partei. D’DP géif Verantwortung fir d’Sécherheet am Land droen, esou d’Carole Hartmann.
An d’DP-Presidentin huet d’Wichtegkeet vun der geplangter Steierreform ënnerstrach.
Am Kontext vum Noost-Konflikt huet den Ausseminister Xavier Bettel um DP-Kongress eng eventuell Verschäerfung vun nationale Mesurë géint Israel ugekënnegt.
Produiten aus Kolonië sollen net a Lëtzebuerger Supermarchéë verkaaft ginn
Lëtzebuerg wier der Meenung, datt een d’Aktioune vun der israeelescher Regierung an der Gazasträif an am Libanon haut net acceptéiere kéint, esou de Xavier Bettel.
"A jo, ech wäert mech och perséinlech asetzen, fir datt Produiten aus Kolonien – wou vun haut op muer e Siidler kënnt an op brutal Aart a Weis engem Palestinenser een Terrain wech hëlt, säi Brout wech hëlt – datt esou Produiten zu Lëtzebuerg net de Wee sollen an eis Supermarchéë fannen."
A senger aussepolitescher Deklaratioun Enn Oktober d’lescht Joer an der Chamber, hat de Xavier Bettel schonn een nationalen Importverbuet vun dëse Produkter als méiglech Sanktioun genannt.
Moderniséierten DP-Logo
D’Demokratesch Partei, déi zënter gläich 13 Joer ouni Ënnerbriechung a Regierungsverantwortung ass, huet um Kongress nei Design-Elementer fir déi politesch Kommunikatioun presentéiert. Dat, mat engem moderniséierten DP-Logo, an deem de grénge Punkt erhale bleift, an eng nei Schrëftaart, déi den Numm "Demokratesch" dréit.
Erënnerungen un d'Colette Flesch
Direkt um Ufank vum Kongress huet d’Demokratesch Partei e kuerze Video-Film iwwer d’DP-Politikerin a fréier Sportlerin Colette Flesch gewisen, déi den 21. Januar 2026 gestuerwe war.
No dësem Videoréckbléck, mat Messagë vu Lydie Polfer, Xavier Bettel a Carole Hartmann, gouf et um Kongress ee laangen Applaus fir d’Colette Flesch.