Iwwer eng Rei vun deenen Dossiere gouf wärend den Tripartite Verhandlungen diskutéiert. D’Onofhängegkeet vu fossillen Energie wier wichteg.
Et géif een awer och d’Follge vum Klimawiessel spieren. Lassgeléist vun der Tripartite misst een a Punkto Hëllefe bei der Photovoltaik oder de Wäermepompelen an de Stroumspäicher déi finanziell Hëllefen nach eemol ënner d’Lupp huelen, esou de Gilles Baum.
Mietbrems: Loyeren uechter d'Land ze ënnerschiddlech
Op d‘Fro, ob een zu Lëtzebuerg net misst eng Mietbrems aféieren, well d’Loyere mëttlerweil riskéieren der wirtschaftlecher Entwécklung ze schueden, huet de Gilles Baum éischter zeréckhalend reagéiert.
"An der Logementskommissioun hu mir eis deen Theema do ugeholl. Mir hunn awer eng Kéier en Tour gemaach. Do muss ee feststellen, dass e Loyer an der Stad ganz anescht ass wéi zu Wolz oder vläicht zu Mondorf. Fir do en nationalen Deckel drop ze setzen, dat wier wierklech e massiven Agrëff an de Marché."
Dofir géing ee weiderhin d'Situatioun just am Ae behalen, esou de Gilles Baum, deen awer och betonut, datt de Logementsminister Claude Meisch schonn annoncéiert hat, sech där Saach net wëllen ze verschléissen.
"Et ass awer net esou einfach ëmzesetzen. Dofir ass bei eis de Fokus am Moment drop, fir massiv, massiv mat den ëffentleche Bauträger méi ze bauen, wou och méi kann an d'Locatioun eragoen."