éi nei Léier fir Tätowéierungs-Artiste verbënnt Konscht mat HygiDène, den DAP Tatoueur gëtt vun nächster Schoulrentrée un op däitsch am Lycée technique du Centre ugebuede fir Schüler no 5e.
Da kënnegt den Educatiounsministère och un, datt d‘Sectioun „sciences de la santé“ am Général op 4 Joer verlängert gëtt. Bis elo konnt ee réischt vun 2e un op déi Sektioun goen, elo gëtt se vu 4e un ugebueden. Dat op franséisch an op däitsch am Lycée technique pour professions de santé.