search

/ DAB+: Wéi ännert sech doduerch d'Lauschtere vum Radio?

Radio 100,7 an Opus

|
headphones

2 min

headphones

9 min

play_arrow

2 min

play_arrow

DAB+: Wéi ännert sech doduerch d'Lauschtere vum Radio?

Zënter haut kann een de Radio 100,7 an och de Klassikprogramm Opus 100,7 iwwer DAB+ empfänken. Mee wat heescht dat eigentlech genee? Den Direkter vum Radio 100,7 Jean-Lou Siweck kläert op.

headphones

2 min

headphones

9 min

play_arrow

2 min

play_arrow

Duerch den DAB+ huet een de grousse Virdeel, datt ee ka méi Programmer senden, ouni dofir musse méi Frequenzen ze beleeën. Mee et ginn och aner Virdeeler, esou de Jean-Lou Siweck.

"Deen aneren Avantage, deen hei e bësse méi ëmstridden ass, dat ass: Héiert een dat och tatsächlech? Et gi Leit, déi soen, jo dat héiert een. Et ginn aner Leit, déi soen, jo an engem Auto héiert een deen Ënnerscheed éischter net. Mee grondsätzlech ass DAB e bëssen eng besser Qualitéit."

E weidere Virdeel ass, datt een elo och de Radio ouni Geraschels kann an engem Tunnel lauschteren, wann ee mam Auto doduerch fiert. Dofir goufe speziell Antennen an den Tunnellen uechtert d’Land gezunn.

Wéi kann een elo de Radio iwwer DAB+ empfänken?

"Dir braucht en Empfänger dofir, dat heescht doheem hutt Dir ganz dacks Internet, soudatt Dir d'Méiglechkeet hutt, och mat engem Internetradio, engem Smart Speaker oder mat soss eppes ze fueren. Mee wann Dir wëllt DAB empfänken, musst Dir Iech e Radio kafen oder kucken, ob Dir esou een hutt, deen DAB+ empfänke kann. Dat ass haut Standard."

Et wäert wuel och dorop erauslafen, datt den DAB an Zukunft d’FM-Frequenze wäert ersetzen. D’Fro ass just, wéini datt dat de Fall ass. An Norwegen ass dat beispillsweis scho gemaach ginn.

Gutt Noriichte fir d’Opus-Nolauschterer an Nolauschterinnen

Datt et den DAB+ elo hei zu Lëtzebuerg gëtt, huet och e Virdeel fir d’Nolauschterer an Nolauschterinne vun eisem Klassiksender Opus, wéi de Luc Boentges vum Opus erkläert.

"Mir maachen haut de Sprong eraus aus dem Online hin zu engem richtege Radio, wat fir mech an och fir déi ganz Ekipp hei um Radio e fantastesche Moment ass. Um 11 Auer ass de Stéchdatum a jo, dat gëtt einfach eppes anescht. Fir mech ass et e Gamechanger. Virdrun hunn ech ëmmer missen en Handy mam Auto verbannen, fir den Opus kënnen ze lauschteren. Ech hu missen en Effort maachen, en ze sichen, ze verbannen, ëmmer erëm op en Neits. Elo zanter der Testphas hunn ech e bei mir am Auto schonn agestallt. Do klicken ech ee Knäppchen an dann ass en agestallt. An ëmmer, wann ech den Auto umaachen, héieren ech den Opus."

Den Opus ass also elo och aus dem Auto eraus ze empfänken, ouni datt een dofir muss säin Handy connectéieren.

 

 

play_arrow Lauschteren