Radioen

On air

Notturno  |  Kendrick Scott - Your Destiny Awaits Feat. Reuben Rogers & Walter Smith III

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'lescht Joer si manner Lëtzebuerger iwwert d'Grenz geplënnert wéi déi Jore virdrun

Groussregioun

D'lescht Joer si manner Lëtzebuerger iwwert d'Grenz geplënnert wéi déi Jore virdrun

D‘lescht Joer hu bal 3.000 Lëtzebuerger d‘Land verlooss, a sinn iwwert d‘Grenz, an d‘Groussregioun wunne gaangen. Dat äntwert d‘Justizministesch Elisabeth Margque op eng parlamentaresch Fro vun de Piraten. 

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

Dat sinn der liicht manner, wéi déi dräi Jore virdrun. Zanter 2020 sinn all Joer méi wéi 3.000 Lëtzebuerger Residenten an eent vun den 3 Nopeschlänner geplënnert, hunn awer weider hei am Land geschafft. Wann een all d‘Leit zesummerechent, déi an de leschten 10 Joer an d‘Groussregioun geplënnert sinn, an elo nach ëmmer do wunnen, da kënnt een op ronn 26.400 Leit.

Déi meescht liewen a Frankräich, duerno kënnt Däitschland an dann d‘Belsch.