De Verkaf vu Bensinn dogéint ass ëm bal 13 Prozent eropgaangen. Den Diesel mecht awer weiderhin iwwer 60 Prozent vum verkaafte Sprit am Allgemengen aus.
Weider war et och d'Annonce, datt den Eric Bleyer vun Aral Letzebuerg neie President vum GEML ass. Hien ass den Nofollger vum Romain Hoffmann, deen am Mee 2024 seng Demissioun, no 13 Joer Presidence, eragereecht huet. Hie wéilt déi selwecht Politik weiderfeieren an der Regierung weiderhi berodend zur Säit stoen, esou den Eric Bleyer.