D‘Analys vun de Schied an enger weiderer Zon ronderëm Bharatpur, eng vun de stäerkst bewunnte Stied am Nepal, wier nach amgaangen.
D'Zuel vun den Doudesaffer klëmmt stënterlech weider
No der Iwwerschwemmungskatastroph am Himalaya ginn ëmmer méi Läiche gebuergen. D’Zuel vun den Doudesaffer, déi no der Katastroph gebuerge goufen, ass an Nepal op 950 geklommen. Dat huet den Zivilschutz matgedeelt. Dës Zuel ass nach ëmmer nëmme provisoresch.
Am Tibet goufe bis ewell 16 Doudeger gezielt. Zesumme mat den offiziell bestätegten Zuelen aus der Katastrophegebitt a China, hunn domat op d’mannst 966 Mënsche bei der Flut e Mëttwoch hiert Liewe verluer.
D'Zuel vun de Vermëssten ass däitlech geklommen
Och d’Zuel vun de Vermëssten an Nepal ass op 4.247 geklommen, dorënner bal 900 Aarbechter aus zerstéierte Waasserkraaft-Anlagen am Nepal. Ënnert de vermësste sinn och 592 Touristen aus dem Ausland. A China goufe 546 Mënschen als vermësst gemellt.
Am Iwwerschwemmungsgebitt am Südweste vum Tibet an an de betraffene Regioune vun Nepal sinn Dausende Rettungsforcen am Asaz, fir Affer ze fannen.