arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Wiederwarnung wéinst Hëtzt fir de Süde vum Land gëllt nach de ganze Samschdeg mat

Hëtzt

|
reading time

1 min

D'Wiederwarnung wéinst Hëtzt fir de Süde vum Land gëllt nach de ganze Samschdeg mat

Meteolux huet déi orange Wierderwarnung fir de Süde vum Land wéinst Hëtzt verlängert. Déi zweethéchst Alerte gëllt bis e Sonndeg Mëtternuecht, also de ganze Samschdeg nach mat. Fir den Norde gëllt weider déi giel Alerte.

reading time

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Fir haut a muer rechent de nationale Wiederdéngscht mat Temperature bis zu 37 Grad. Et ass weiderhin den Appell, keng ustrengend physesch Aktivitéiten dobaussen ze maachen – fir en Hëtzschlag ze evitéieren, a genuch Waasser ze drénken. Vun e Sonndeg u soll et da lues a lues ufänken ofzekillen.