Op der Plaz 1 vun de Länner mat den héchste Militärausgabe bleiwen d‘USA. Déi géifen eleng iwwer een Drëttel vun alle weltwäite Militärdepensen ausmaachen, an dräimol méi wéi China op der zweeter Plaz. Op déi drëtt Plaz kënnt Russland.
De Rapport gëtt all Joers vum schweedesche Friddensfuerschungsinstitut Sipri zesummegestallt.