Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Wäisst Haus dementéiert Parkinson-Behandlung bei Joe Biden

US-President weider ënner Drock

D'Wäisst Haus dementéiert Parkinson-Behandlung bei Joe Biden

Den Joe Biden géif net wéinst Parkinson behandelt ginn. Dat huet seng Spriecherin op enger Pressekonferenz am Wäissen Haus betount. Journalisten hunn do weider vill Froen iwwer dem President säi mentalen a physeschen Zoustand gefrot.

auto_stories

1 min

Joe Biden | © picture alliance / NurPhoto | Kyle Mazza
Foto: picture alliance / NurPhoto | Kyle Mazza

An amerikanesche Medie war spekuléiert ginn, datt den Joe Biden wéinst Parkinson behandelt gi wier. Dat huet seng Spriecherin formell dementéiert.

Gëschter hat den Joe Biden widderholl, datt hien u senger Kandidatur fir eng zweet Amtszäit festhält.

Den US-President steet zanter iwwer enger Woch ënner Drock wéinst sengem Optrëtt am Duell géint den Donald Trump op der amerikanescher Televisioun.