arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'WHO warnt virum Konsum vun Nikotin-Pouches a kritiséiert aggressiv Werbecampagnen

Gesondheet

|
reading time

2 min

D'WHO warnt virum Konsum vun Nikotin-Pouches a kritiséiert aggressiv Werbecampagnen

Déi kleng Nikotin-Säckelcher, och Pouches oder Snus genannt, ginn hannert déi iewescht Leps geluecht. De Nikotin gëtt hei dann direkt iwwer d’Mondschläimhaut opgeholl. Dëse Produit ass virun allem bei Jugendlechen a jonken Erwuessene beléift. 

reading time

2 min

© picture alliance / ZB | Sascha Steinach
(Foto: picture alliance / ZB | Sascha Steinach)

Reklamme wéi “Vergiess d’Reegelen” an “Egal wou, egal wéini” cibléiere grad déi Jonk. kritiséiert d'Welt Gesondheetsorganisatioun WHO. D’Pouches ginn als modern, diskret Tubak-fräi Alternativ zur Zigarett presentéiert an hu weltwäit grousse Succès.

Demande huet sech verduebelt

Obwuel des Produite selwer net Kriibserreegend sinn, gesäit d’Weltgesondheetsorganisatioun d’Gefor, datt jonk Konsumenten iwwer d’Pouches op aner, kriibserreegend Produiten ëmklammen.

2024 goufe mat insgesamt 23 Milliarden Nikotin-Pouches 50 Prozent méi wéi am Virjoer verkaaft. D’läscht Joer huet de weltwäite Marché e Volume vu bal 7 Milliarden Dollar erreecht. Déi héchste Verkafszuele ginn et an Nordamerika, mee och an europäesche Länner wéi Däitschland, Polen a Schwede sinn se ganz beléift. 

D'selwecht vill Nikotin wéi an zwou Auberginnen 

Weltwäit ginn et just 16 Länner déi de Verkaf verbidden, dorënner och d’Belsch an Holland. Lëtzebuerg huet en anere Wee gewielt. Hei dierfen d’Pouches säit Ufank vun dësem Joer just nach maximal 0,048 mg Nikotin pro Säckelchen enthalen. Dat entsprécht ongeféier dem Nikotingehalt vun zwou klengen Auberginnen.

Wann een dat mat den duerchschnëttlech 20 mg Nikotin vergläicht déi een an onreguléierte Pouches fënnt, gëtt kloer dass dat neit Reglement engem Verbuet gläich kënnt. 

Ënnerschiddlech Reglementatiounen an der EU 

Wéivillt dat neit Gesetz de Konsum, vun onreguléierte Pouches zu Lëtzebuerg reduzéiert, ass net bekannt. Ëmmerhi kënnen d’Konsumenten d’Lëtzebuerger Reglementatioun ëmgoen andeems si sech méi héich doséiert Nikotin-Pouches aus aneren EU-Länner bestellen oder am Ausland kafen.

Text: Luca Di Santolo