Um Méindeg an Dënschdeg koum et um Stater Geriicht zu de Répliquë vum Parquet op d’Plädoyere vun den Affekoten an ëmgedréint. Dobäi bloufen d’Vuë vun deenen zwou Säiten diametral opposéiert.
D’Affekoten hunn an der Haaptsaach gemengt, hir Clienten hätten am éischte Prozess keng Falschausso gemaach.
Me Assa: Just Fënsterscheiwe futti gaangen a Cegedel-Pottoen ëmgefall
De Me Roland Assa, Affekot vum fréieren héije Gendarmerie-Responsabele Pierre Reuland, huet souguer fonnt, et géif Zäit ginn, fir e Schlussstréch ënner dës Affär ze zéien. Et wiere sengerzäit jo just “e puer Fënsterscheiwe futti gaangen, an e puer Cegedel-Pottoen ëmgefall”.
Eng Vue, déi de Me Philippe Penning, Affekot vum Stat, net gedeelt huet. Wuel wier um Ufank vun der Serie vun 20 Attentater tëschent 1984 an 1986 geschmunzelt ginn, iwwer Bomme géint Cegedel-Pottoen.
“Dunn, wéi d'Saach awer e bësse méi seriö ginn ass - ech denken do un déi booby traps-Geschicht oder déi Saach zu Hollerech, wou och hätt jo kënne ganz schlëmm ausgoen - si sech Froe gestallt ginn, an dunn ass ee sech der Seriositéit vun der Saach bewosst ginn. A fir mech ass dat nach ëmmer en Element, wou ee seet, dat do ass sou gravéierend an der Struktur vum Staat, dass een et net ka fale loossen an dass do och en extrae Préjudice fir de Staat entstanen ass, dass e vu sengen eegene Leit ënnergruewe ginn ass.”
Dat wier esou quokeleg, datt d’Affär net kéint ënner den Teppech gekiert ginn, well déi Affär staatsintern war.
Parquet: Der Justiz d'Wourecht virenthalen
D’Vertriederin vum Parquet war och an déi Richtung gaangen, andeems si sot, d’Bommeleeër-Affär wier eng “Risesauerei”, an där der Justiz d’Wourecht virenthale gi wier.
Esou eppes dierft ni méi geschéien. Si hat jo och d’lescht Woch Prisongsstrofe vun tëschent annerhallwem a fënnef Joer fir fënnef Ugekloter gefuerdert, an e Fräisproch fir den Ex-Member vun der Brigade mobile Marcel Weydert.
De fréieren Enquêteur Guillaume Büchler fir sech selwer an d’Affekote vun de fënnef Ugeklote fir hir Clienten haten dogéint all Kéier ee Fräisproch verlaangt.
Ganz um Schluss vum Prozess hunn um Dënschdeg nach d’Ugeklote Guillaume Büchler a Guy Stebens betount, si wéissten net, wien d’Bommeleeër waren.
D’Urteel an dësem Prozess ass fir de 26. Februar 2026.