D‘Ukrain a Russland gi sech drop eens weider Prisonéier auszetauschen
D‘Verhandlungen tëschent Russland, der Ukrain, an den USA zu Abu Dhabi sinn eriwwer. Dat gëtt vun ukrainescher Säit gemellt. Zënter Mëttwoch souze Vertrieder vun den dräi Länner an de Vereenegten Arabeschen Emiraten zesummen, fir eng Léisung am russesche Krich an der Ukrain ze fannen.
Fotomontage: Trump, Selenskyj a Putin (Foto: picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine)
Et wier awer just op engem Punkt en Accord fonnt ginn. An zwar datt Kiew a Moskau weider Krichsprisonéier austauschen. Dat huet den US-amerikaneschen Emissär Witkoff ugekënnegt.
An Tëschenzäit huet de Verdeedegungsministère zu Moskau confirméiert, datt 157 russesch Zaldoten aus ukrainescher Gefaangenschaft zeréckkomm wieren. Am Géigenzuch wieren och 157 ukrainesch Zaldoten, déi a Russland gefaange gehale goufen, fräigelooss ginn. Dat ass fir d‘éischte Kéier zënter Méint, datt béid Länner rëm Prisonéier ausgetosch hunn.