arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'USA stufe venezuelanesche Kartell als Terrororganisatioun an

Virwërf géint President Maduro

|
headphones

1 min

D'USA stufe venezuelanesche Kartell als Terrororganisatioun an

D'USA hunn dem venezuelanesche President Nicolás Maduro virgehäit, un der Spëtzt vun engem Kartell ze stoen, an deen elo offiziell zu enger Terrororganisatioun erkläert. Domadder kënnen d'USA militäresch géint dës Organisatioun virgoen.

headphones

1 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

An der Karibik hunn d'USA scho Militärschëffer zesummegezunn.

An de leschten dräi Woche goufen 20 Booter mat presuméierten Drogeschmuggler zerstéiert. De Maduro selwer dementéiert, iergendeppes mam kriminelle Kartell ze dinn ze hunn.