arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'USA hu weider Sanktioune géint Venezuela decidéiert

WASHINGTON

|
headphones

1 min

D'USA hu weider Sanktioune géint Venezuela decidéiert

Betraff sinn dräi Neveue vum Staatschef Nicolás Maduro. Am Viséier ass awer och de venezuelanesche Pëtrolssecteur.

headphones

1 min

Donald Trump vs Nicolas Maduro  | © Radio 100,7
Donald Trump vs Nicolas Maduro (Foto: Radio 100,7)

Kolumbie géif dem venezuelanesche President Nicolás Maduro Asyl ginn, wann hie säi Mandat op Drock vun den USA misst opginn. Dat huet déi kolumbianesch Ausseministesch an engem Interview gesot.

Mat enger Iwwergangsregierung a Venezuela kéint d‘Eskalatioun an der Géigend gestoppt ginn, esou d‘Ministesch.

Et wier awer net un hir, fir déi Decisioun ze huelen, mee un den USA an u Venezuela.

Kolumbien huet, wéi vill aner Länner och, d‘Resultater vun de Presidentewalen 2024 net unerkannt, bei där de Maduro en drëtt Mandat krut, obwuel him Walmanipulatioun virgeheit gi war.

Kolumbien huet awer weider gutt Relatioune mat sengem Nopeschland.