"Mengt Dir, Dir sidd einfach aus dem Kokosnoss-Bam gefall?" Mat dem Saz wollt déi demokratesch Presidentschaftskandidatin Kamala Harris soen, datt alles, wat geschitt, an engem Kontext geschitt. Mee si ass domat viral gaangen. Dosende vu Videoen a Fotoe sinn zirkuléiert a Memes sinn entstanen a goufe milliounefach gedeelt.
Analysen op TikTok
D'Fro stellt sech, ob sech aus dem Verhalen op de soziale Medien erausliese léist, wéi d'Walen an den USA ausginn? Där Fro sinn zwee Fuerscher vum SnT zesumme mat belsche Fuerscher nogaangen. Eng definitiv Äntwert ob déi Fro ass bis elo, virun de Walen, nach net erauskomm, mee wat sech an der Etüd awer weist ass, datt de Récktrëtt vum Joe Biden aus dem Walkampf d'Verhalen op de soziale Medien duerchaus beaflosst huet.
D'Verhale vun den Notzer an Notzerinnen op TikTok hunn d'Fuerscher sech ugekuckt. Déi chineesesch Social media Plattform ass wuel déi, déi an der Haaptsaach vu jonke Leit genotzt gëtt. Dat wier awer net de Grond gewiescht, erkläert de Fuerscher Gabriele Lenzini vun der uni.lu
"Ech mengen, mir waren elo net motivéiert fir eppes iwwer déi méi jonk Bevëlkerung erauszefannen. Mir ware méi geleet - soe mir mol - duerch de Fakt, dass einfach méi Date vun TikTok zur Verfügung stinn."
Positiv an negativ Wierder
Bal 700.000 TikTok-Videoen hu sech d'Fuerscher ugekuckt. 23 Millioune Kommentaren, 31 Millioune Shares, 335 Millioune Likes, an dat vum 1. November zejoert bis dëse 6. Oktober.
"Wann ee bei TikTok scrollt, gesi mir verschidde Videobäiträg. An dës hunn och eng Beschreiwung. An an de Videoe gëtt och geschwat. Do benotze mir eng Voice-to-Text-Transkriptioun. An duerch verschidde Mechanisme kënne mir da bewäerten, ob d’Stëmmung positiv ass oder negativ."
Fir erauszefannen, ob et positiv ass, géing een op positiv Wieder kucken, erkläert de Fuerscher Yuwei Chuai. Ënner positive Wierder, no deene si gesicht hunn, zielen Aussoe wéi beispillsweis "ech si frou", oder "mir ënnerstëtzen XY".
"An dat Negatiivt dogéint ass eppes, dann dréckt een de Contraire aus. Et kritiséiert een eppes, oder et notzt ee souguer "béis Wierder"."
An d'Verdeelung vun deene positiven oder negative Wierder hätt sech signifikant geännert mam Récktrëtt vum Joe Biden aus dem Walkampf, an domat der Kandidatur vun der Kamala Harris, esou béid Fuerscher.
"Dat negatiivt Gefill fir déi demokratesch Kandidatin ass zeréckgaangen an dat positiivt Gefill fir déi demokratesch Kandidatin ass eropgaangen, nodeems de Biden zeréckgetrueden ass."
Keng Ännerung bei de Republikaner
Dem Joe Biden säi Récktrëtt huet also derfir gesuergt, datt - jiddefalls fir d'Notzer an Notzerinne vun TikTok - d’Kamala Harris méi positiv gesi gëtt. Déi virleefeg Resultater vun der Etüd weisen awer och nach eppes aneschters, betount de Fuerscher Gabriele Lenzini.
"Wa mir eis just d’Gefiller par rapport zum republikanesche Kandidat ukucken, dann hunn déi am Fong bal net geännert, virun oder nom Récktrëtt (vum Joe Biden)."
D’Uganks-Fro - nämlech ob Social media een Indikator fir de Walausgank ka sinn - kéint vun de Fuerscher eréischt no de Wale beäntwert ginn.