Dem iranesche Staatsradio no wieren dobäi zwee iranesch Genereel an e puer Member vun den iranesche Revolutiounsgarden ëm d‘Liewe komm.
Den Iran a Syrien hunn Israel fir d‘Attack responsabel gemaach, an d‘Äntwert vun Teheran wäert "haart“ ausfalen, sot den iraneschen Ambassadeur a Syrien. Israel huet d‘Attack bis elo net kommentéiert.