Den Direkter vun der Steierverwaltung huet iwwerdeems eng éischt Timeline vigi mam Zil 2028.
"... An der mer elo déi gréisst Etappe wëllen ëmsetzen an dat bezitt sech notamment op d'Organisatioun, op den Organigramm vun dëser Verwaltung, op d'Organisatioun vun de Büroen, op d'Formatioun vun de Mataarbechter, souwuel Management -Formatiounen, Leadership -Formatiounen, mee awer och technesche Formatiounen."
Dat informatescht Ëmfeld misst iwwerdeems ugepasst ginn, esou de Jean-Paul Olinger.
Prinzipiell op enger Linn mat der Oppositioun
Wat zousätzlecht Personal ugeet, esou hätt een do Zousoe vum Minister, esou de Jean-Paul Olinger vun der Steierverwaltung. Trotzdeem dierft et fir d‘Beamten zu enger Méibelaaschtung kommen.
Op Oppositiounssäit ass ee prinzipiell mat dësem Digitaliséierungsschrëtt averstanen. De Franz Fayot vun der LSAP weist drop hin, datt och Leit ouni digital Erfarung net dierfte vergiess ginn.
"Dat heescht déi Leit, déi keen Accès hunn zu engem Computer oder haaptsächlech eeler Leit, déi vläicht net esou fit si mat der Digitaliséierung, datt déi net vergiess ginn an datt weiderhin och nach d'Büroen uechter d'Land si fir de Leit ze hëllefen, hir Steiererklärung mat Pabeier auszefëllen."
Software dierft net um Späicher landen
Änlechen Echo bei déi gréng: d'Sam Tanson stellt sech Froe wat d'Delaie fir d'Ëmsetze vun der Digitaiséierung ugeet.
"Dann ass virun allem den Impôt foncier, d'Reform vun der Grondsteier, wou ee gesäit, datt dat awer relativ wäit no hanne gezu gëtt an datt esouguer bei engem optimisteschen Zenario do eréischt mat enger Modifikatioun vum Gesetz ab 2028 gerechent gëtt."
Et wier schonn eemol eng nei Software kaf ginn déi duerno um Späicher gelant ass, esou d‘Kritik vum Sven Clement vun de Piraten. Et wier ze hoffen, datt Software an déi nei Steierreegelen elo géife beienee passen.