Mat der Stad Lëtzebuerg sinn elo 48 Lëtzebuerger Gemenge Member vun där Allianz. De Stater Gemengerot huet gëschter - mat Ausnam vun der ADR - an deem Sënn eng Motioun vum grénge Conseiller François Benoy guttgeheescht.
Och d'Temperatur vun der Musel klëmmt
D‘Stad Lëtzebuerg soll Nee soen zu enger Verlängerung vun der Geneemegung fir d’Atomzentral vu Cattenom, déi un der Musel a ganz no un der Lëtzebuerger Grenz läit. Dat ass d’Zil vun der Motioun vum grénge Stater Conseiller François Benoy.
"Mat där Motioun seet Stad Lëtzebuerg nach eng Kéier kloer, datt mir géint d'Lafzäitverlängerung vu Cattenom sinn. D'Atomenergie ass immens deier. Si ass geféierlech. Déi ganz Offallproblematik ass iwwerhaapt net gekläert. An ech mengen, et gesäit een dat ganz däitlech um Reakter Cattenom ëmmer erëm."
D’Atomzentral géif net nëmmen eng Gefor fir d’Sécherheet duerstellen am Fall vun engem Accident, mee se géif och een Impakt hunn op d’Ëmwelt.
Fir d’Zentral ofzekillen, gëtt Waasser aus der Musel gezaapt, an d’Temperatur vum Waasser geet dowéinst ëm annerhallwe Grad an d’Luucht.
Ënnerschiddlech Zuele beim Argumentéieren
Fir den ADR-Conseiller Tom Weidig soll een d’Nuklearenergie net aus ideologesche Grënn refuséieren. All Energieproduktioun hätt hir Nodeeler a Virdeeler.
"Wann een haut keng Atomzentral géif maachen do, da misst ee 7.000 Wandmille bauen. An déi Raumverschwendung, déi wier enorm."
Eng Duerstellung, déi den LSAP Conseiller Gabriel Boisante kontestéiert huet.
"Just fir eppes ze soen: Dir sidd iwwer d'Fakten an d'Wouerecht, wann Dir wëllt Cattenom ersetzen. Dat sinn 1.600 Wandmillen a keng 7.000."
76 Prozent vum Stroum, deen zu Lëtzebuerg consomméiert gëtt, muss importéiert ginn. Mee nëmme 7 Prozent vun deem Stroum staamt indirekt aus enger Atomzentral.