D’Spuerkeess huet am Joer 2023 e Benefice vu 400.8 Milliounen Euro gemaach. Dat ass e Rekord. Fir de Verglach: Am Joer 2022 hat d’Spuerkeess hat sech de Benefice op 235 Millioune belaf. Aus hirem Joresbilan geet och ervir, datt et fir d’Clienten e schwieregt Joer war, virun allem wa se e variabelen Zënstaux haten oder een neie Prêt wollten ophuelen, esou d’Françoise Thoma, d’Generaldirektesch vun der Spuerkeess.
Et hätt een eng individuell Léisung fonnt, wéi beispillsweis d’Dauer vum Prêt ze verlängeren oder den Taux variable an een Taux fixe ëmzewandelen. D’Generaldirektesch betount, datt d’Spuerkeess d’Krittäre fir e Prêt ze kréien, net verännert hätt.
Investissementer an d'Cybersécherheet an d'Agencen
Mam Rekordgewënn vum Joer 2023 géif een elo ënnert anerem méi an d’Cybersécherheet investéieren, grad wéi an dat eegent Personal. Beispillsweis solle Co-working-spaces un d’Grenze kommen, esou d’Françoise Thoma, awer och an d’Agencë soll elo investéiert ginn. De Reseau vun de physeschen Agencë wier "een Häerzstéck, e Kärstéck" vun der Aktivitéit vun der Spuerkeess. Si wieren extrem wichteg an déi bestoend Agencë wäerten och weider moderniséiert ginn, esou d'Françoise Thoma.
"Mir hunn do e ganz ambitiéisen Investissementsplang. Dat heescht och, datt deelweis ganz nei Sitte wäerte kreéiert ginn, déi anerer remplacéieren, mee déi méi appropriéiert sinn an der Situatioun wou si sech geografesch befannen."
Knapps véier Joer ass et hir, datt d’Spuerkeess hir Agencen op 11 Plazen am Land zougemaach huet. Fir dëst Joer virgesinn ass d’Ouverture vun enger Agence zu Réiden an zu Déifferdeng.