arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Spuerkeess ass prett fir mat der Chamber-Finanzkommissioun ze schwätzen

Caritas-Affär

|
reading time

1 min

D'Spuerkeess ass prett fir mat der Chamber-Finanzkommissioun ze schwätzen

D‘Direktioun vun der Spuerkeess ass bereet der Chamber-Finanzkommissioun Ried an Äntwert ze stoe wat d‘Geldstrof vun der CSSF a Saache Caritas-Transferten ugeet.

reading time

1 min

© picture alliance / ZB | ERZ-Foto/Georg Ulrich Dostmann
(Foto: picture alliance / ZB | ERZ-Foto/Georg Ulrich Dostmann)

E Bréif am dem Sënn goung un de Chamberpresident, déi Informatioun déi RTL de Moien hat krute mer vun der Presidentin vun der Finanzkommissioun Diane Adehm confirméiert. Eng Reunioun soll fir déi éischt Septemberwoch ugesat ginn. Et geet dobäi awer eenzeg ëm d‘Fro vu der CSSF-Sanktioun an net ëm déi eigentlech Caritas-Affär, sou d‘Diane Adehm.