arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Spideeler preparéiere sech op d'Grippesaison

Santé

|
headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

D'Spideeler preparéiere sech op d'Grippesaison

D'Infektiounszuelen do sinn zwar am Moment nach vergläichsweis niddreg, mee d'Spideeler stelle sech awer elo schonn op d'Grippesaison an. Méi fréi also wéi an de Jore virdrun. E Beispill sinn d'Hôpitaux Robert Schuman.

headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Och wann d'Temperaturen dagsiwwer am Moment nach zimlech agreabel sinn, kann et moies awer alt schonn e bësse méi frësch si wann een aus dem Haus geet. An dat ass net ongeféierlech, well ee sech da do mol gär eng Kéier eng Erkältung siche goe kann.

Da fänken - wéi all Hierscht - am Moment och de Covid an d'Gripp nees un d'Ronn ze maachen.

Et gëtt un d'Eegeverantwortung appelléiert

D'Infektiounszuelen do sinn zwar am Moment nach vergläichsweis niddreg, mee d'Spideeler stelle sech awer elo schonn op d'Grippesaison an. D'Hôpitaux Robert Schuman hunn zum Beispill ugangs der Woch eng Rei Mesuren ageféiert fir ze verhënneren, datt Erkältungsvire sech einfach kënne weiderverbreeden, wéi den HRS-Direkter Marc Berna am 100,7-Interview erkläert.

"Jiddereen, deen d'Spidol betrëtt, kritt recommandéiert, datt en engersäits eng Mask undeet, anerersäits eng hygieenesch Hänndesinfektioun mécht. Domat appelléiere mir un d'Eegeverantwortung vu jidderengem."

Soubal ee gripal Symptomer hätt, muss en eng Mask undoen, esou den Dr. Marc Berna weider. Doriwwer eraus ass d'Droe vun enger Mask a verschiddene Beräicher vum Spidol och obligatoresch.

Mesurë bleiwe flexibel upassbar

Datt d'Spideeler alleguer ëm dës Zäit vum Joer esou Mesuren huelen an aféieren, ass net nei. Dat war an de leschte Joren och schonn esou. D'Hôpitaux Robert Schuman féieren d'Gesten dës Kéier awer schonn éischter a wéi d'lescht Joer. Dat hätt awer näischt domadder ze dinn, datt d'Infektiounszuelen méi fréi an d'Luucht gaange sinn, wéi an de Jore virdrun. Et wéilt ee just méi proaktiv sinn, seet den HRS-Direkter.

"Mir mengen, etwier ganz gutt, wa mir net ëmmer géifen den Infektiounszuelen hannendru lafen, mee wa mir wierklech proaktiv soen: 'Et ass elo Hierscht, mir gesinn d'Fäll steigen zu engem gewëssene Mooss un, an et ass elo de Moment, wou mir un d'Mesuren erënneren'."

Jee nodeem wéi sech d'Situatioun am Wanter weiderentwéckelt, géing een d'Mesuren upassen.

Den Dr. Marc Bernard betount awer, d'lescht Joer wiere seng Spideeler mat deene selwechte Precautiounsmesuren duerch de ganze Wanter komm. Déi éischt Prioritéit wier zu all Moment, datt all Behandlungen normal kënne weiderlafen.

 

play_arrow Lauschteren