arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D’Spideeler goufen net iwwer d’Pann bei der Post informéiert

Kritesch Infrastruktur

|
reading time

1 min

D’Spideeler goufen net iwwer d’Pann bei der Post informéiert

Et géif een hoffen, datt ee bei zukünftege Krise rechtzäiteg vun offizieller Säit géif informéiert ginn, seet de Generaldirekter vun den Hôpitaux Robert Schuman, no der Reseauspann de Mëttwoch bei der Post.

reading time

1 min

Et géif een hoffen, datt ee bei zukünftege Krise rechtzäiteg vun offizieller Säit géif informéiert ginn.

"Ech menge mir hätten eis zumindest gewënscht, dass mer effektiv als Infrastructure critique, déi jo akut Patienten en charge huelen, also déi véier akut Klinicken an och den INCCI, sécherlech, dass mer do géife kontaktéiert ginn."

Des Weidere confirméiert den Dokter Marc Berna, datt deelweis blesséiert Patiente mat Privatautoen an d’Klinick komm wieren. De Betrib am Spidol selwer ass awer wéi gewinnt gelaf, och well zum Zäitpunkt vun der Pann nach vill Dokteren sur Place waren.