arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Situatioun zu Ceuta suergt fir Tensiounen an der EU - Italie setzt Schengenaccord aus

Ceuta

|
reading time

2 min

Situatioun zu Ceuta suergt fir Tensiounen an der EU - Italie setzt Schengenaccord aus

An enger éischter offizieller Reaktioun nom massiven Undrang vu Migranten op déi spuenesch Exklav Ceuta huet Marokko falsch Informatiounen um Internet matresponsabel gemaach. Den Undrang vu Migrante wier net organiséiert, mee spontan gewiescht, esou e Spriecher vum marokkaneschen Inneministère.

reading time

2 min

Massenundrang op Ceuta | © EPA/JALAL MORCHIDI
Massenundrang op Ceuta (Foto: EPA/JALAL MORCHIDI)

Dat wat Enn vun der leschter Woch an der spuenescher Exklav Ceuta an Nordafrikageschitt ass, suergt weider fir Onrou an der Europäescher Unioun. Ronn 60.000 Mënsche ware jo vu Marokko aus bannent kuerzer Zäit an d’Exklav komm. Et goufen op d’mannst 70 Doudesaffer.

Doriwwer wäerten d’EU-Inneministere, dorënner de Léon Gloden, muer de Moien um 10 Auer diskutéieren. Am Virfeld dovu schwätzen d’Botschafter vun den EU-Staate schonn haut de Mëtteg iwwer déi aktuellEntwécklungen.

Madrid hätt falsch Signaler geschéckt 

Bei der informeller Videokonferenz vun de permanente Vertrieder vun den EU-Staaten zu Bréissel, de Mëtteg vun hallwer dräi un, soll doriwwer diskutéiert ginn, wéi eng Léieren a Konsequenzen aus den Evenementer vun der leschter Woch zu Ceuta ze zéie sinn, a wat d’Ursaachen dofir waren.

An der Europäescher Unioun verschäerft sech d’Debatt iwwer de Schutz vun den EU-Baussegrenzen. Italien an Dänemark haten de Weekend d’Initiativ fir een oppene Bréif geholl, doran hat Madrid ënnert anerem virgehäit kritt, datt d’Legaliséierung vu ronn 500.000 Migrante falsch Signaler ausgeléist hätt.

Italien huet iwwerdeems de Schengenaccord temporär suspendéiert. 

Oppene Bréif vun 22-EU-Memberstaaten 

22 vun de 27 EU-Staaten haten dëse Bréif ënnerschriwwen. Lëtzebuerg hat net ënnerschriwwen, grad ewéi Spuenie selwer, Irland – dat de Moment d’Rotspresidence huet - an déi spuenesch Nopeschstaate Portugal a Frankräich.

De Fraktiounschef vun der Europäescher Vollekspartei am Europäesche Parlament, den Däitsche Manfred Weber, hat de Weekend an engem Interview bei RTL Aktuell säi Message däitlech gemaach.

"Die Botschaft muss klar sein, Spanien muss Europarecht umsetzen, an der Aussengrenzen-Verordnung. Das ist das, was der Brief der Staats-und Regierungschefs zum Ausdruck bringt, und das ist das, was die Innenminister auch ihren spanischen Kollegen deutlich machen müssen. Einen unkontrollierten Zustand, wie wir in den letzten Stunden in Ceuta erlebt haben, darf es in Europa nicht geben, Grenzen müssen gesichert sein."

Pedro Sánchez: Puer EU-Staaten hätte Virurteeler

De spuenesche Premier huet kritiséiert, datt e puer EU-Staate vu Virurteeler, Falschmeldungen oder politeschen Interesse gedriwwe wieren. De Pedro Sánchez huet dorun erënnert, datt Ceuta net zum Schengen-Raum gehéiert. Och Marokko huet falsch Informatiounen am Internet mat responsabel fir d’Kris gemaach.

Den EU-Migratiounskommissär Magnus Brunner hat schonn e Freideg gesot, datt keng eenzeg Persoun vu Ceuta op d’EU-Festland komm wier.