search

/ D'Situatioun vun eisem Drénkwaasser: "Déi nächst Jore kéint et méi kriddeleg ginn"

Waasserverwaltung

|
reading time

5 min

headphones

14 min

play_arrow

D'Situatioun vun eisem Drénkwaasser: "Déi nächst Jore kéint et méi kriddeleg ginn"

Et ass waarm an dréchen: Dat deet virun allem de Waasserreserven hei am Land net gutt. An tatsächlech géing ee sech an enger “aussergewéinlecher” Period befannen, betount de Marc Hans, Direkter vun der Waasserverwaltung. D'Situatioun kéint an den nächste Joren awer nach méi geféierlech ginn.

reading time

5 min

headphones

14 min

play_arrow
De Marc Hans | © Radio 100,7
De Marc Hans (Foto: Radio 100,7)

De Marc Hans hält e ganzt geneet A op dat aktuellt Klima. Säi Constat: Eng exzeptionell laang Drécheperiod an ënnerduerchschnëttlech Reen, virun allem am Abrëll a Juli. Dobäi kommen déi immens héich Temperaturen.

“Esou eppes hate mir bis dato nach net.”

An den 1960er an 1970er gouf et alt mol änlech Perioden, mee de Cumul vun all deem a leschter Zäit wier dem Klimawandel zouzeschreiwen, stellt de Marc Hans fest.

Liicht Entspanung beim Drénkwaasser: Der Summervakanz sei Dank

Mee wat bedeit déi Dréchent konkreet fir eist Drénkwaasser hei am Land? Den Direkter vun der Waasserverwaltung schwätzt aktuell vun enger liichter Entspanung. Dat ass op d’Vakanzeperiod an de Congé collectif zeréckzeféieren.

Net, well vill Waasser an d’Reserven dobäi komm wier, mee well grad vill manner Waasser verbraucht gëtt. 

Virun engem Mount awer gouf nach eng Phase de vigilence ausgeruff, fir de Gebrauch vum Drénkwaasser op de Minimum ze reduzéieren. Dat géing ëmmer gemaach ginn, wa sech esou dréchen a waarm Perioden undeiten, erkläert de Marc Hans.

Vigilence rouge gouf et zu Lëtzebuerg nach ni

Hie seet am 100,7-Interview de Bierger:innen an Entreprisë Merci fir hiren Effort.

“Déi Efforten hu gehollef verschidde Spëtzten ofzefiederen. (...) Mir si schonn iwwerzeegt, datt dat gewëssen Effekter huet a mir sinn elo gutt doduerch komm.”

Nach sinn op nationalem Niveau keng Verbueter ausgeruff ginn, op kommunalem Niveau awer schonn. Esou dierf een a verschiddene Gemengen zum Beispill net nätzen oder den Auto net wäschen.

De Marc Hans erkläert, datt een op nationalem Niveau just déi verschidde Vigilencen ausrifft, dat heescht vu jaune, iwwer orange bis hin zu enger Vigilence rouge. Deen Niveau gouf zu Lëtzebuerg awer nach ni erreecht.

Südoste vum Land ass am vulnerabelsten

Firwat verschidde Gemenge Verbueter ausruffen an anerer net, hänkt dovunner of, vu wou si d’Waasser kréien.

Hei am Land ginn et zwou Quelle fir d’Drénkwaasser: De Stauséi an d’Grondwaasser. D’Stauséi-Drénkwaasser gëtt vun der SEBES verdeelt. Gemengen, déi vum Grondwaasser ofhängeg sinn, kënne par contre méi vulnerabel si wéi anerer, seet de Marc Hans.

“Dëst Joer hu mir awer Chance: D’Grondwaasser ass gutt rechargéiert, well et an den 3 Joer virdru vill gereent hat.”

Da ginn et nach Gemengen, déi ganz autonom sinn a sech op hir eege Quelle verloossen.

Allgemeng wier een am Südoste vum Land bis elo am vulnerabelste gewiescht, well een do un d’Limitte vun der Infrastruktur komm wier, seet de Marc Hans.

“D’Waasser leeft méi séier aus dem Behälter eraus wéi eran.”

De Mëllerdall wier eng Regioun, wou och vill Drénkwaasser aus dem Buedem geholl gëtt, an dofir och méi vulnerabel wier wéi anerer.

Et ass de Cumul un Drécheperioden, dee geféierlech ka ginn

De Klimawandel wäert vun haut op muer net ophalen. Dofir wäert de Risk vu knappem Drénkwaasser eis och an Zukunft nach begleeden.

“Mam Klimawandel kënne mir näischt ausschléissen. Natierlech schaffe mir intensiv dru fir déi Situatioun ze evitéieren a gutt opgestallt ze sinn.”

Mee: Zwou oder dräi dréche Joren hannereneen an d’Situatioun kéint sech däitlech verschäerfen, warnt den Direkter vun der Waasserverwaltung: “Déi nächst Jore kéint et méi kriddeleg ginn.”

Konkreet Mesurë fir der Situatioun entgéintzewierken

D’Waasserverwaltung huet kloer Virstellungen, wéi ee géint dës Situatioun virgoe kann. Si huet eng Drénkwaasser-Versuergungs-Sécherheetsstrategie opgestallt.

Éischtens soll sech d’Verhale vun der Bierger:innen a Gemengen upassen. Si solle méi spuersam mam Drénkwaasser ëmgoen. Hëllefe kënnen och eng Rei vun techneschen Installatioune fir Waasser ze spueren.

Da géing momentan intensiv un der Substitutioun geschafft ginn. Dat heescht, datt fir verschidde Saache Reewaasser amplaz Drénkwaasser genotzt soll ginn. 

Doriwwer eraus sollen d’Drénkwaasserressourcë besser geschützt ginn. Esou kéint een och nach op méi Plazen Drénkwaasser eraushuelen, erkläert de Marc Hans.

Zu gudder Lescht bleift d’Musel eng wieder Alternativ, déi een als Drénkwaassersource notze kéint. An deem Fall misst d’Musel-Waasser awer opbereet ginn.

Kee gudde Bilan wat d'Baachen a Flëss ugeet

Méi däitlech ass den Impakt vun der Dréchent op eis Flëss a Baachen. Déi éischt kleng Baache wiere schonn dréche gefall, warnt de Marc Hans.

“Mir si ganz no un éischte Rekordwäerter, also nidderege Peegelstänn, déi mir nach ni esou gemooss hunn.”

D’Situatioun vun de Gewässer zu Lëtzebuerg wier souwisou schonn net esou gutt, seet den Direkter vun der Waasserverwaltung. D’Liewewiesen am Waasser hunn also schonn esou genuch Stress. Dat féiert dozou, datt sensibel oder lokal Aarten zeréckgedrängt ginn a vläicht eng Kéier komplett ausstierwen.

“An der Reegel kënnt d’Flora a Fauna nees erëm, wann et reent, awer just wann d’Méiglechkeet do war fir sech zeréckzezéien.”

Bewosstsi vun de Leit klëmmt an dësen Zäiten

Mee och d’Gewässer kënne méi resilient gemaach ginn, notamment duerch Renaturéierungen. Méi Schiet, manner héich Temperaturen, a vill méi Habitater, wou d’Déiere sech kënnen zeréckzéien.

Renaturéierunge sinn op ville Plazen am Land schonn amgaangen, awer politesch net ëmmer esou einfach ëmzesetzen. No esou Drécheperiode géing d’Bewosstsi bei de Leit zum Theema Waasser awer méi grouss ginn, mierkt de Marc Hans.

Hie begréisst och, datt den Ëmweltminister Serge Wilmes e Renaturéierungsdësch wëllt aberuffen.

“Well do komme mir guer net gutt virun. Et ass schwiereg zu Lëtzebuerg Terrainen ze kréien. (...) Dofir ass et wichteg, mat allen Acteuren ze schaffen, fir do méi séier weiderzekommen.”

Lauschtert eise Podcast “Iwwerfloss” fir nach méi iwwer den Zoustand vun de Gewässer – virun allem vun der Uelzecht – gewuer ze ginn.

play_arrow Lauschteren