Den Ament géif et der ASBL un den néidege Ressource feelen, fir all d'Demanden déi si kréie kënnen ze traitéieren, esou hir Presidentin Tanja Forette. Am heefegste siche si dobäi no Hënn oder Kazen déi verluer gaange sinn.
An eenzelne Fäll kënne si och bei der Sich no vermësste Persounen hëllefen. Pro Woch traitéiere si eng 7 bis 8 Fäll vu vermëssten Déieren, seet hir Presidentin.
An een esou e Fall hëlt de Benevolle vun de Sichhënn vill Zäit. Et geet net just drëms, d'Déier erëm ze fannen, mee och de Besëtzer:innen zur Säit ze stoen.
"Also ech als Team Member, si mat der Persoun esou laang a Kontakt, sief et Telefon, WhatsApp, wéi och ëmmer, oder ech fueren op d'Plaz, bis dat Déier erëm do ass. An dat ass am Ufank déi éischt puer Deeg,well déi Leit natierlech total an all hiren Zoustänn sinn, ass dat dräi, véier Mol den Dag, wou ech mat deene Leit muss telefonéieren, se berouegen, deene schreiwen, genee nach eng Kéier hei, Dir maacht elo dat an dat, dat sinn déi nächst Schrëtt."
Zesumme mat der Zäit, déi een dann um Terrain verbréngt, géif all Benevole an der Moyenne 20 Stonnen extra Aarbecht pro Woch leeschten, esou d’Tanja Forette.
Hënn, Dronen an esouguer Falen
Am Fall, wou et zu engem Asaz op der Plaz kënnt, gëtt mat trainéierten Hënn, Dronen oder och Falen nom vermëssten Déier gesicht. D'Hënn probéiere mat Hëllef vun enger Gerochsprouf d'Spuer vum vermëssten Déier opzehuelen, wärend eng Dron d'Gebitt iwwerflitt.
Am Fall wou dat vermëssten Déier awer Angscht huet a fortleeft, gi Falen opgestallt déi mat Fudder a Kameraen equipéiert sinn. Hei kéint d’Déier da gefaange ginn.
Net just Zäit, mee och Geld
Esou eng Sichaktioun bedeit deemno groussen Opwand a kascht och vill Suen.
"Mir mussen eng Remorque a Stand halen, fir d’Fal ze transportéieren. Mir brauchen eigentlech eng zweet Remorque, fir déi aner Fal, well déi aner Fal vill méi schwéier ass, iwwer zweehonnert Kilo. Mir brauchen ëmmer erëm neit Material och vun der Technik, vun der Dron. Dann hu mer eise ganzen interne Kommunikatiounssystem an de System, wou mer haut Fäll mat dokumentéieren an ophuelen. Dat sinn alles Tools, déi een online notzt, déi awer en Abo kaschten."
Souwuel déi finanziell, wéi och déi zäitlech Capacitéite vun den 11 Benevollen sinn awer antëscht un hire Limitten ukomm.
Staatlech Ënnerstëtzung néideg
Schonns am Summer hate si ugekënnegt, dass si ouni staatlech Ënnerstëtzung hir Servicer net am selwechten Ausmooss kéinten ubidden. Och de Subside vu bis zu 15.000€ deen d’ASBL Sichhënn wäert ufroen, géif keng grouss Spréng erlaben.
"Dat ass keng Pai. Also domat bezilt ee keen. Dat ass, also 15 .000 Euro ass dat, wat eist Equipement vun enger Drone kascht. (...) Dat ass flott, wann een déi huet, ganz kloer. Mir soen net, datt dat näischt wier. Dat ass am Fong sou vill wéi mir um Kont hunn am Moment."
Bei der Iddi, wéi een de Service vun der ASBL Sichhënn zu Lëtzebuerg besser kéint opstellen, huet d’Tanja Forette sech an Holland inspiréiere gelooss.
Een Noutruff fir Déieren?
Hei gëtt et e speziellen Noutruff fir Déieren,wouduerch aner Noutriff géifen entlaascht ginn. Dëse Projet hätt si zënter 2023 och schonns e puer mol virgeluecht.
"Wéi een dat kéint opbauen, wéi dat kéint ausgesinn, wat fir Aufgaben dee kéint iwwerhuelen a wéi en doduercher och en 113 oder eng Police kéint entlaascht ginn. Schonn eleng esou Situatioun ewéi Autosaccidenter, wou mer Déiere mat an der Mall zum Beispill hunn, Hënn an der Mall vum Besëtzer, wat maachen ech mat deenen, wou ginn déi hin? Dat kann och kee beäntwerten. Wien hëlt se mat? Jo, deen, dee grad Zäit huet. Dat kann net sinn. Oder d'Mall gëtt opgemaach, Hënn lafe fort."
An Holland géif de Projet vun der Déirenambulanz deels duerch eng Konventioun finanzéiert an deels duerch Subsiden an Donen, seet d’Tanja Forette. Änlech kéint een et och hei zu Lëtzebuerg maachen.
Duerch eng zentral Koordinatioun kéint een dann och d’Zesummenaarbecht mat de verschiddenen Acteuren, zum Beispill den Déiereklinicken, verbesseren, mengt d’Presidentin vun der ASBL Sichhënn.
Keng Lésiung a Siicht
Mee doraus gëtt awer fir d’éischt mol näischt. D’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen huet an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro virun e puer Woche kloer gestallt, datt d’ASBL Sichhënn.lu och weiderhi keng finanziell Hëllef vum Staatoder der Police wäert kréien.