Radioen

On air

Resonanzen  |  Isaac Albéniz - Suite Española, Op. 47, Sevilla - Juan Carlos Fernández-Nieto (Piano)

play_arrow Live
search

/ D'Steierpläng vun der neier CSV-DP Regierung

Koalitiounsaccord

D'Steierpläng vun der neier CSV-DP Regierung

Déi 15 CSV-DP Ministeren ginn haut am Palais vereedegt. De Koalitiounsaccord vu gutt 200 Säiten ass ënnerschriwwen, am Detail kann deen awer réicht e Méindeg gelies gëtt. Trotzdeem goufe verschidden Eckpunkte scho genannt, dorënner och d'Pläng a Saache Besteierung.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

© SIP / Jean-Christophe Verhaegen play_arrow
Foto: SIP / Jean-Christophe Verhaegen

Steiererhéijunge wieren de Moment fir déi nächst fënnef Joer net virgesinn, awer och keng automatesch Upassung vun der Steiertabell un d’Inflatioun, betount de Luc Frieden.

Ufank vum neie Joer soll d’Steierlaascht fir d’Leit awer erof goen. De Formateur huet nämlech ugekënnegt, datt d'Steiertabell op den 1. Januar ëm véier Indextranche soll berengegt ginn.

"An deene véier Tranchë sinn déi 2,5 Tranchen, déi déi austriedend Regierung schonn decidéiert hat."

180 Milliounen Euro fir d'Upassung

Doduerch wäert de Staat also vum nächste Joer u manner Steieren era kréien.

"De Käschtepunkt vun der Adaptatioun vum Barème un de Laf vun deem wat vun där viregter Regierung decidéiert ginn ass, ass – wann ech mech net ieren, 180 Milliounen."

Reegelméisseg Upassung vum Steierbarem

De Regierungsformateur huet vun enger substantieller Steierbaisse geschwat. Wann d’Situatioun et duerno erlaabt, solle weider Upassunge kommen, huet de Luc Frieden ugekënnegt.

"Mir wäerten och reegelméisseg d’Tabell upassen un d’Inflatioun. Dat heescht net, wa mer dat hei maachen, datt duerno näischt méi ka kommen."

Dat géif awer am Kontext vun der allgemenger Situatioun vun de Staatsfinanze gekuckt ginn. Den zwou zukünftege Regierungsparteie wier et wichteg datt déi stabel bleiwen an datt den Triple A behale gëtt.

Individualiséierung eng "komplizéiert Aarbecht"

Wat d’Individualiséierung vun der Besteierung vun de Privatpersounen ugeet, ass virgesinn, datt déi nei Regierung fir d’éischt ee Projet soll ausschaffen, dëst wier eng “komplizéiert Aarbecht”.

"Déi zwou Parteie sinn d’accord fir bis 2026 ee Projet virzeleeën, wéi ee kéint graduell déi Steierklassen änneren, ofschafen, fir der gesellschaftlecher Entwécklung Rechnung ze droen."

D’Besteierung vun de Betriber hei am Land soll op den Niveau vun den 38 OECD-Staate reduzéiert ginn, huet de Luc Frieden der Wirtschaft iwwerdeems an Aussiicht gestallt.

Lauschterenplay_arrow