Grond fir dës Entwécklung wier virun allem d‘Hausse vun der Unzuel u Konflikter a Massemigratioun.
D‘Donkelziffer vun de vermësste Persoune wier wuel nach vill méi héich, esou nach d‘Rout Kräiz. D‘Staaten an d‘Konfliktparteie géifen d‘Verantwortung droe fir d‘Verschwanne vu Mënschen ze evitéieren.
Gläichzäiteg wieren zënter 2019 iwwer 16.000 Mënsche lokaliséiert an iwwer 7.000 Mënsche mat hire Famillen nees vereent ginn.