arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Ried zur Lag vun der Unioun steet un: Ursula von der Leyen op "mission impossible"

Am Europaparlament

|
reading time

6 min

headphones

6 min

play_arrow

D'Ried zur Lag vun der Unioun steet un: Ursula von der Leyen op "mission impossible"

An hirer Ried zur Lag vun der Unioun muss d’Kommissiounscheffin vill Erwaardungen erfëllen. D’Äntwert op d’Fro ze ginn, wéi d’Koalitioun an der politescher Mëtt an Zukunft an der EU funktionéiere kann, ass just eng dovun.

reading time

6 min

headphones

6 min

play_arrow
© EPA/RONALD WITTEK
(Foto: EPA/RONALD WITTEK)

D’Erwaardungen un d’Ried zur Lag vun der Unioun sinn dëst Joer besonnesch héich. Dorun ass och d’Ekipp vun der Kommissiounscheffin selwer Schold.

Zënter Woche gëtt mat Messagen op de Soziale Medien op dee Speech higewisen. D'Europäesch Kommissioun huet eng 70 Influencer:innen invitéiert, fir den Event méi breet ënner d’Leit ze kréien. Dobäi wäert et schwéier ginn, d’Erwaardungen ze erfëllen. Well déi verschidde politesch Fraktiounen hu ganz ënnerschiddlech Virstellungen doriwwer, wat an där Ried op alle Fall muss dra sinn.

Virun allem d’Resultat vun de Walen a Sachsen-Anhalt mat der Victoire vun der AfD setzt déif an d’Fro stellt sech, wéi d’EU dorop adäquat äntwerte soll.

"Eng Gratwanderung op engem Vulkan"

Et ass déi sechste Kéier, datt d’Ursula von der Leyen esou eng Ried zur Lag vun der Unioun hält. An dës Kéier ass deen Exercice besonnesch kniwweleg. Als “mission impossible”, als “Gratwanderung op engem Vulkan”, bezeechent den däitschen SPD-Europadeputéierte Bernd Lange déi Aufgab op “X”. Et wier onméiglech jidderengem gerecht ze ginn.

An der politescher Mëtt gëtt sech virun allem erwaart, datt sech d'Kommissiounscheffin op en Neits kloer zur grousser Koalitioun an dem Cordon sanitaire no riets bekennt. 

Charles Goerens: Ursula von der Leyen “mat responsabel fir Allianze mat Rietsextreemen”

Grad d’Partei vun der Ursula von der Leyen, d’Europäesch Vollekspartei, hat an der Lescht Majoritéiten um rietse Bord gesicht. Dat gouf dacks ofgestridden, mee ass elo duerch journalistesch Recherchen dokumentéiert. D’Ursula von der Leyen hätt mat hirer "ganz vertikaler Aart a Weis ze regéieren" hei eng zentral Roll hei ze spillen, seet ganz däitlech de Charel Goerens. 

"Si ass mat responsabel, datt hir politesch Famill friem geet, datt si mat de Rietsextreeme klüngelt, dat dierf et net ginn. An an deem Sënn, wéi si se do gewäerde gelooss huet, kann ee si net aus hirer Verantwortung entloossen." 

D’CDU-Politikerin wier ugetruede mat der Absicht fir eng Koalitioun hanner sech ze vereenegen, déi aus Sozialisten, aus EVP a Liberale besteet. Domat hätt se eng confortabel Majoritéit gehat, fir kohärent Kompromisser ënner deene Fraktiounen ze fannen.

Marc Angel: "Kloere Message un déi eegen Truppen" 

Hei misst ee kloer Message un déi eegen Truppe kommen, seet och de Marc Angel vun der LSAP.

"Datt déi Spillereien, Majoritéite mat de rietsextreemer Parteien ze maachen, hirer eegener politescher Famill net gutt bekommen an datt dat och fir Europa net gutt ass. Si muss sech kloer op d'Säit stelle vun deenen, déi Europa wëlle weiderbréngen an net deenen Nationalisten a Xenophoben, déi Europa wëlle vu bannen zerstéieren."

Am Numm vun der Simplification administrative hate sech Allianzen tëschent EVP an Deeler vun der Droite forméiert.

Tilly Metz: Däitlech Ofgrenzung vun AfD, déi géint EU-Wäerter verstéisst 

Den europäesche Green Deal, also Mesure géint de Klimaschutz, dierfte speziell no dësem Summer net weider ofgeschwächt ginn, fënnt och d’Tilly Metz. D’EU-Deputéiert vun deene Gréngen erweidert de Katalog vun den Erwaardungen: No der Victoire vun der AfD am Bundesland Sachsen-Anhalt, erwaart sech déi gréng Politikerin ee klore Message, dee sech vun der Politik vun der an Däitschland als rietsextreem agestuufter Partei ofgrenzt. 

Eng Partei, déi an hiren Ae géint EU-Wäerter verstéisst. 

"Mir brauchen eng Ursula von der Leyen, déi sech fir fundamental EU-Wäerter wéi Solidaritéit ausschwätzt, fir eng mënschlech Approche zur Migratioun. Dofir, de Klimawandel ze bekämpfen, dofir, net weiderhin een Narrativ vun de Rietsextreemen ze iwwerhuelen, dee just dozou bäidréit, déi un d'Muecht ze bréngen."

Fernand Kartheiser: "AfD sécher keng rietsextreem Partei" 

Anescht gesäit dat de Fernand Kartheiser. De Lëtzebuerger ADR-Politiker gehéiert, zënter datt en aus der Fraktioun vun den Europäesche Konservativen a Reformer erausgepucht gouf, zu de “non-inscrits” am Parlament.

Fir de Fernand Kartheiser verstéisst d’AfD mat hirer Politik net géint d’EU-Wäerter an domat, si als "geséchert rietsextreem" anzestufen, wéi den däitsche Verfassungsschutz dat mécht, ass den ADR-Politiker och net d’accord. 

"Dat ass eng bannendäitsch Debatt, déi solle si do féieren. (...) Ech hunn all hir Programmer gelies, ech si jo deeglech a Kontakt, ech lauschteren hinnen no an Debatten an esou weider, Fir mech ass dat sécher keng rietsextreem Partei." 

Op d’Fro, wat hie sech vun der Ried vun der Ursula von der Leyen erwaart, seet den ADR-Politiker: 

"Ech mengen dat aller Urgentst, wann een elo d'Ekonomie kuckt, ass et, datt mer dorëm Kompetitivitéit bäi gewannen, dat heescht, aner Energiekäschten, mussen d'Energiekäschten ofhuelen, mir mussen endlech debürokratiséieren, well d'Industrie seet eis, trotz allem, wat hei gemaach gëtt, ass nach vill ze vill Bürokratie." 

Also méi Bürokratie-Ofbau ewéi manner.

Dat wënscht sech am Prinzip och d’Europäesch Vollekspartei, déi en vue dovun och héich Erwaardungen un d’Ried huet. Déi versprache Simplification administrative wier bis elo "too little too late" ausgefall, fënnt zum Beispill d’Cheffin vun der däitscher CDU-Fraktioun, d’Angelika Niebler. 

D’Isabel Wiseler-Lima dréckt sech e bësse méi virsiichteg aus. D’Lëtzebuergerin sëtzt fir d’CSV am Europaparlament, déi genee ewéi d’CDU Member an der EVP ass. 

"Simplifikatioun muss kloer sinn. Et ass jo dee grousse Reprochen, deen der Europäescher Union gemaach ginn, mee dat heescht awer net, datt mer net d'Leit musse protegéieren. D'Protektioun muss do bleiwen." 

Politesch géif si sech an hirer Fraktioun dofir asetzen, der extreemer Droite entgéint ze wierken. 

"Ech maachen alles, wat ech kann. Innerhalb menger Fraktioun. An iwwerhaapt, fir datt mer am Zentrum kënnen zesummeschaffen."

Isabel Wiseler-Lima: "Kompromëss an der politescher Mëtt fannen"

Fir dem rietse Bord eppes entgéint ze setzen, misst déi politesch Mëtt Kompromësser fannen. 

"Ech striewe mech géint dee Slogan vu Simplification op där enger Säit a vun Dereguléierung op där anerer Säit. Well mir musse kucken, fir zesummen ze schaffen. Also solle mer eis keng esou Saachen an de Kapp geheien. Mir solle kucken, fir dee Punkt ze fannen, wou mer den Equiliber hunn." 

Vun der Ried erwaart si sech, datt och dat betount gëtt. Allt nach eng Erwaardung also un déi Ried zur Lag vun der Unioun, déi d’Kommissiounscheffin um Mëttwoch Moien zu Stroossbuerg am Europaparlament hält.

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

play_arrow Lauschteren