Radioen

On air

De Weekend  |  Bert Goergen - DT Esch Abol

play_arrow Live
search

/ D'Regierung wäert sech net fir eng weltwäit Mindestbesteierung vu Milliardären asetzen

Lëtzebuerger Finanzminister erkläert

D'Regierung wäert sech net fir eng weltwäit Mindestbesteierung vu Milliardären asetzen

Déi aktuell CSV-DP-Regierung wäert sech net fir eng weltwäit Mindestbesteierung vu Milliardären asetzen. Dat war d'Äntwert vum Finanzminister Gilles Roth wärend enger Aktualitéitsstonn an der Chamber de Mëttwoch, déi vun der grénger Deputéiert Sam Tanson ugefrot gouf. D'Aféiere vun enger Mindestbesteierung vu Superräiche kéint weltwäit 400 Milliarden Dollar erabréngen. Déi Gelder kéint een am Kampf géint d'Aarmut an dem Klimawiessel asetzen, argumentéiert d'Sam Tanson.

auto_stories

2 min

© MFIN
Foto: MFIN

D'Iddi vun enger Mindestbesteierung vu Superräiche gouf um G20-Sommet ënner brasilianescher Presidence opgeworf. A wann ee vu Superräiche schwätzt, da si virun allem Persoune mat engem Räichtum vun iwwer 100 Milliounen Dollar viséiert.

An hirer Motioun huet déi gréng Deputéiert Sam Tanson vun der Regierung gefuerdert, datt se sech um internationale Plang fir esou eng Besteierung asetzt. déi gréng ginn dovun aus, datt esou eng Iddi ëmsetzbar ass, seet D’Sam Tanson.

"Et ass absolutt realistesch esou eng Taxatioun anzeféieren, wa se dann och global gemaach gëtt. Et gëtt hei Prezedenzfäll, déi och vum G20 oder der OECD ausgaange sinn, den automateschen Informatiounsaustausch, 2017, oder och nach d'Minimalbesteierung fir Betriber, déi mer zejoert gestëmmt hunn."

LSAP dofir, CSV an DP dogéint

Den LSAP-Deputéierten a fréiere Wirtschaftsminister Franz Fayot plädéiert och fir esou eng Mindestbesteierung wéinst der Steiergerechtegkeet.

"Mee dës Regierung huet jo och kee Problem domat, dass de Kuch fir déi ganz Déck ëmmer méi grouss gëtt. Et wäerte jo e puer Grimmelen eroffale fir déi, déi hir Brout knapps bezuelt kréien."

D'CSV an d'DP wëllen net op dee Wee goen, den CSV-Finanzminister Gilles Roth ass iwwerzeegt, datt dat net realistesch ass.

"Ass esou eng Milliardärssteier iwwerhaapt machbar? Déi kuerz Äntwert ass Nee. Amerika huet schonn ënner der Biden-Administratioun kloer 'no' gesot. Déi amerikanesch Finanzministesch Janet Yellen war hei gläich kloer. Mam Comeback vum Donald Trump wäert dës Positioun wuel kaum änneren."

ADR: Keng Milliardären zu Lëtzebuerg

D'ADR par conter ass géint esou eng Milliardärssteier, ënner anerem well een zu Lëtzebuerg keng där Räicher hätt. Mat Ausnam vun der ADR hunn déi aner Oppositiounsparteie fir déi Motioun gestëmmt.

Lauschterenplay_arrow