arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "D'Regierung versprécht dat Blot vum Himmel. Mee wéi soll dat finanzéiert ginn?"

Taina Bofferding

|
headphones

2 min

headphones

12 min

play_arrow

"D'Regierung versprécht dat Blot vum Himmel. Mee wéi soll dat finanzéiert ginn?"

De proposéierte Budget géing beweisen, datt et der Regierung u politeschem Wëlle géing feelen, nei Zorte vu Recetten ze fannen. Dat seet d'LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding am 100,7-Interview an nennt selwer konkreet Proposen.

headphones

2 min

headphones

12 min

play_arrow
D'LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding | © Jo Diseviscourt
D'LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding (Foto: Jo Diseviscourt)

D’CSV-DP Regierung géing de Leit dat Blot vum Himmel verspriechen, mee dat wier an dësen Zäiten net méi méiglech. Et misst een nämlech Alternativen zu den aktuelle Recettë fannen, fir déi sëllege Projete vun der Regierung finanziell ze stäipen.

"Si leeën iwwerhaapt guer näischt op den Dësch"

D’Taina Bofferding stellt am 100,7-Interview fest, datt an Zukunft "nei Defien op eis duerkommen". Als Beispill nennt si d’Steierreform, Militärausgaben, den Aarmutsplang an de Plan sans tabac, duerch deen d’Recetten duerch den Tubaksverkaf fale wäerten.

"Et ass elo de Moment, wou ee proaktiv ass, wou ee kucke geet, wat déi nei Piste kënne sinn. Ech erwaarden och net direkt vun der Regierung hei eng Wonnerléisung, esou fair wëll ech och bleiwen, mee si leeën iwwerhaapt guer näischt op den Dësch, si maache guer keng Reflexiounen, wéi se eeben nei Recettë siche geet."

Schluss mat Steierkaddoen

D’Regierung géing sech weiderhin dem Wuesstem verschreiwen, an dat wier net richteg, esou d’LSAP-Oppositiounspolitikerin. Der Regierung hire Credo "Méi Netto vum Brutto", géing aktuell net opgoen.

D’Léisungsvirschléi vun der LSAP ginn dofir a Richtung Ëmverdeelung bei der Besteierung. Esou soll d'Kapital méi besteiert gi wéi de Salaire, seet d’Sozialistin.

"Steierkaddoe" wéi d’Betribssteier wieren an der aktueller Situatioun och net hëllefräich, esou d’Taina Bofferding weider.

CNS: Parallelle mam Budget?

Well d’Wirtschaft net méi esou séier wiisst, wéi dat mol de Fall war, a gläichzäiteg och d’Populatioun wiisst, gëtt et och enk an der Gesondheets- a Pensiounskeess. 

Och wann de Problem vum Defizit bei der CNS kuerzfristeg geléist wier, esou vermësst d’Taina Bofferding an deem Dossier eng laangfristeg Approche vun der Regierung.

Et géinge Pisten a Reflexioune vun de Gewerkschaften um Dësch leien. Beispillsweis kéint een déi administrativ Fraisen aus der CNS eraushuelen. D’Taina Bofferding erkennt hei Parallelle mam Budget.

"D’Regierung kuckt no, si loosse schleefen, sinn net aktiv a reagéieren net."

"Gepiddels" bei der Pensiounsreform 

Wat d’Pensiounsreform ugeet géing d’Regierung u "ganz, ganz, ganz klenge Schrauwen dréien", mengt d’LSAP-Politikerin. Virun allem géing et just bis déi nächst Walen hëllefen.

Fir d’LSAP wier an deem Dossier den Deplafonnement vun de Cotisatioune keen Tabu. "Alles wier besser gewiescht wéi dat klengt Gepiddels”, kritiséiert d’Taina Bofferding.

 

play_arrow Lauschteren