arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Recht vum Vollek muss respektéiert ginn, esou d’EU-Chefdiplomatin Kaja Kallas

Ugrëff op Venezuela

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

D'Recht vum Vollek muss respektéiert ginn, esou d’EU-Chefdiplomatin Kaja Kallas

“D’Recht vum venezuelanesche Vollek, iwwer seng Zukunft ze decidéieren, muss respektéiert ginn”. Esou huet d’EU-Chefdiplomatin op d’Entwécklungen am südamerikanesche Land reagéiert. Dës Deklaratioun vun der Kaja Kallas gëtt vun allen EU-Staate mat Ausnam vun Ungarn ënnerstëtzt.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
EU-Chefdiplomatin Kaja Kallas | © EPA/OLIVIER MATTHYS
EU-Chefdiplomatin Kaja Kallas (Foto: EPA/OLIVIER MATTHYS)

Den däitschen Ausseminister Johann Wadephul (CDU) huet um Méindeg de Moien am Interview um Deutschlandfunk drop higewisen, datt den Nicolás Maduro un der Spëtzt vun engem “Onrechtsregime” a Venezuela gestanen hätt.

De Maduro wier net de rechtméisseg gewielte President vum Land gewiescht. Mee och geopolitesch Interesse vun den USA hätte bei der US-Attack a Venezuela eng Roll gespillt, esou den däitsche Chefdiplomat. 

China mellt sech zu Wuert 

Et géif dorëm goen, datt déi riseg Pëtrols-Reserve vu Venezuela net weider ënner der Kontroll vu Géigner vun den USA stéingen, huet den amerikaneschen Ausseminister Marco Rubio um Sender CBS erkläert.

D’Zil wiere politesch Changementer a Venezuela. Wéinst senge Pëtrols-Importer ass China ee wichtege Partner vum südamerikanesche Land. 

D’Festhuele vum Maduro duerch d’USA suergt deemno fir Kritik a China. Kee Land dierft Weltpolizist spillen, an et géif een net acceptéieren, datt ee Land sech als Weltriichter opspillt, esou de chineeseschen Ausseminister Wang Yi, ouni awer d’USA direkt ze nennen. D’Vëlkerrecht soll d’Souveränitéit an d’Sécherheet vun allen Natioune schützen, esou de Chefdiplomat zu Peking.

D’USA haten an der Nuecht op ee Samschdeg Ziler a Venezuela attackéiert. Den Nicolás Maduro war op New York bruecht ginn, wou him wéinst Drogendelikter de Prozess soll gemaach ginn.

play_arrow Lauschteren