arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Raiffeisebank: "Cyber-Kriminalitéit ass e bësse wéi e Bankiwwerfall fréier"

Banken

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Raiffeisebank: "Cyber-Kriminalitéit ass e bësse wéi e Bankiwwerfall fréier"

D’Raiffeisebank clôturéiert hir Aktivitéit vum Joer 2025 mat engem Plus vun 11 Prozent par rapport zum Virjoer. Dat sot de Laurent Zahles, President vum Comité de direction vun der Raiffeisebank virun der Press. Et wieren onsécher Zäiten an dat géif een och am Bankewiese mierken, esou de Bilan.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Raiffeisen Bank
(Foto: Raiffeisen Bank)

Trotzdeem wier ee mat engem Plus vun 31,1 Milliounen Euro stabel bliwwen. 

Nieft de Geo-Politeschen Entwécklungegéifen och d’Cyber-Frauden der Bank Suerge maachen, esou de Fazit vun der Bank.Bedruchsfäll - virun allem iwwer LuxTrust -  hätte staark zougeholl. Fir deem entgéint ze wierken huet d’Raiffeisebank zënter Uganks dës Jores eng neiHotline en Place gesat.

Cybersecuritéit ass e grousst Thema fir d'Bank

Den neien "Customer-Service" vun der Raiffeisebank soll Clientë virun allem bei technesche Froen oder bei Verdacht ob Fraude ënnerstëtzen, heescht et. D‘Bekämpfung vun der Cyber-Kriminalitéit géif mëttlerweil ee grousse Käschtepunkt fir d’Bank ausmaachen, esou de Guy Hoffmann President vum Verwaltungsrot.

"D'Cybersecuritéit ass e bësse wéi ee Bankiwwerfall fréier bei eis als Risiko, mee just mat deem Ënnerscheed haut, et ass permanent an et ass global."

Bei der Aktivitéit vun de Kreditter huet d’Raiffeisebank eng Hausse vun 3,4 Prozent ze verzeechnen. Dës Hausse wier virun allem duerch den Opschwong am Logement bedéngt.

Geopolitik wierkt sech och op d'Banken aus

Duerch déi geopolitesch Spannungen an der Welt erwaart sech d’Raiffeisebank, awer datt den Inflatiounstaux an domat och d’ Leetzënse vun der BCE nees klammen. Et wier net auszeschléissen, datt d’Leit doduerch och nees manner Sue léine ginn. Et wier awer och erstaunlech, datt eng Hausse vun engem Prozentpunkt mëttlerweil de ganzen Immobiliesecteur ausbremse kéint, esou de Guy Hoffmann.

"Et beweist wéi belaascht haut d'Stéit sinn, well d'Präisser alles esou héich ass, ass am Fong geholl den Endettement vun de Leit forcement och relativ héich. An et kënnt einfach eng Multitüd vun Impakter op d'Leit op."

D’Raiffeisebank rechent domat, datt déi europäeschen Zentralbank hir wichtegst Zënstauxe scho virum Summer an d’Luucht setzt.

 

 

 

play_arrow Lauschteren