Radioen

On air

Concert  |  Tosca vu Puccini

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Quagga-Muschel suergt och zu Lëtzebuerg fir Problemer

Repercussiounen op de Schëffsverkéier

D'Quagga-Muschel suergt och zu Lëtzebuerg fir Problemer

D‘Quagga-Muschel konnt och zu Lëtzebuerg nogewise ginn. Dat confirméiert den Ëmweltminister an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV-Deputéierter Françoise Kemp. D’Quagga-Muschel ass eng invasiv Aart aus dem schwaarze Mier, déi aktuell schonn op der däitscher Säit vun der Musel fir Problemer an der Schëfffaart suergt.

auto_stories

1 min

Quagga Muschel | © picture alliance/dpa | Patrick Seeger
Foto: picture alliance/dpa | Patrick Seeger

Wéi den Ëmweltminister schreift, géing sech d‘Quagga-Muschel och massiv an de Fëschpäss op de Schleise bei Stadbriedemes a Gréiwemaacher usidelen. Dat géing d’Fëschwanderung op den zwou Plaze massiv beanträchtegen. Dofir wier e reegelméissegen Entretien vun de Schleisen néideg. Dee géing periodesch vun der Waasser- und Schëfffahrtsverwaltung aus Rheinland-Pfalz duerchgefouert ginn.