Bei dësem Austausch vun de 35 Deputéierter soll et ënner anerem och dorëm goen ze kucken, wéi een nach besser kéint kommunizéieren, esou am 100,7-Interview den DP-Fraktiounschef Gilles Baum.
No der interfraktioneller Sitzung vun CSV an DP am Nomëtteg, wäerten och d’Ministere mat dobäi sinn, esou d’Prezisioun vum Marc Spautz.
CSV: Aarmut, Pensiounen a Gesondheet
D‘Prioritéite leien aus CSV-Siicht op de Pensiounen an dem Aarmutsplang, deen esou séier wéi méiglech soll kommen, an natierlech de Budget, erkläert de Marc Spautz.
"An da steet och d'Gesondheetspolitik bei eis ganz uewen, dass mir elo do déi Projet-de-loien op de Wee kréien, wou d'Ministesch och fäerdeg huet, wéi d'Gemeinschaftspraxen."
Den CSV-Fraktiounschef Marc Spautz, grad wéi den DP-Fraktiounschef Gilles Baum, sinn zouversiichtlech, datt et méiglech wäert sinn, datt den ugekënnegte Reformpak a Saache Pensiounen nach dëst Joer an der Chamber ka gestëmmt ginn. Domat sollen déi verschidde Mesuren den 1. Januar 2026 kënnen a Kraaft trieden.
DP: Individualiséierung vun de Steieren a Logement
Fir de Gilles Baum leien d'Prioritéiten op der Individualiséierung bei de Steieren. Dann och de Plang géint d‘Aarmut, deen och déi kleng Pensioune verbessere soll, esou de Gilles Baum.
"An dann hu mir nach e puer Gesetzer ënnerwee, och am Logement, besonnesch och wat de Logement abordable ugeet, fir de Logement abordable nach méi zougänglech ze maachen."
Do wéilt een och de Gemenge méi "ënner d‘Äerm gräifen", erkläert nach de Gilles Baum.
De Kampf géint d’Aarmut soll dem Gilles Baum no och ee Schwéierpunkt beim Projet fir de Staatsbudget 2026 sinn. Als eng weider Prioritéit beim Budget nennt den DP-Fraktiounschef och d'Ënnerstëtzung vum Logement.
D'Sozialpolitik soll am Mëttelpunkt beim Budget 2026 stoen, esou den CSV-Fraktiounschef. De Budgetsrapporter, den CSV-Deputéierte Maurice Bauer, wier scho mat senge Consultatiounen am gaangen, esou de Marc Spautz.
LSAP: Fro vun der Finanzéierung
Op Säite vun der Oppositioun ënnersträicht d’LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding bei de Prioritéite fir de Staatsbudget fir dat nächst Joer, datt d'Investitioune weider héich misste bleiwen, zum Beispill bei den Infrastrukturen oder de Schoulen.
Um Sozialen dierft net geréckelt sinn, ënnersträicht d'Taina Bofferding.
"Elo kënnege sech natierlech nei Depensen un. Mir denken un d'Cotisatiounserhéijunge bei de Pensiounen, dann awer och den Effort de défense, dann d'Steierreform, d'Individualiséierung. Dat wäert alles ganz vill Sue kaschten."
Et géif sech d‘Fro stellen, wéi dat soll finanzéiert ginn ouni nei Recetten ze sichen oder ëmzeverdeelen.
Bei der LSAP ass den nächste Mäerz ee Kongress, op deem eng nei Parteispëtzt wäert gewielt ginn. Si hätt wëlles, weider Fraktiounspresidentin ze bleiwen, esou an d’Taina Bofferding.