De Guy Bley huet um Neijoerschpatt vum HCPN nach eng Kéier un d’Resilienzstrategie erënnert. Et géif elo drëm goen déi Strategie konkret ëmzesetzen.
Guy Bley: Reegelméisseg Upassung
D’Felder aus deene Menacen, déi kéinte kommen, wiere villfälteg, esou de Guy Bley: vu Cybermenacen iwwer Ëmweltkatastrophe bis bei Versuergungskrisen. 2025 hätt een dowéinst Pläng fir spezifesch Beräicher ausgeschafft. D’Noutfallpläng géife reegelméisseg iwwerschafft an ugepasst ginn.
“Esou goufen 2025 een neie Plan gouvernemental Intempéries an Inondation an och een neie Cyberplang vum Regierungsrot ugeholl. Op de Leescht geholl goufen och Pläng fir de Fall vun engem nuklearen Tëschefall, deen en voie de finalisation ass.”
Eng Rei aner Pläng géifen de Moment ausgeschafft ginn: notamment am Kader vun der zivil-militärescher Collaboratioun oder dee vun neie Menacë wéi Dronen, esou de Guy Bley.
Luc Frieden: Ëmmer erëm nei Menacen
Den HCPN wier och dobäi eng Analys ze finaliséieren iwwer méiglech Risiken a Menacen, déi an Zukunft op Lëtzebuerg kéinten duerkommen. Fir de Premierminister Luc Frieden (CSV) géif d’Krisebewältegung zu Lëtzebuerg scho relativ gutt funktionéieren. Ma et kéint een ëmmer nach eppes besser maachen.
“An dat soll eist gemeinsaamt Zil och fir d'Joer 2026 sinn. Ech mengen, datt mir niewenteneen eng ganz Rei gutt Pläng hunn. D'Vernetzung vun deene Pläng ass extrem wichteg.”
De Luc Frieden wéilt awer net, datt Leit a Panik géife liewen.
Och hie géif hoffen, datt vill vun deene Krisen ni antrieden. Mee d’Welt wier “geckeg ginn”, esou de Premierminister. Ëmmer erëm géifen nei Menacen entstoen an dowéinst misst ee sech op déi verschiddenst Krise virbereeden.