arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D‘Police warnt viru Bedruchstelefonsuriff

Keng perséinlech Donnéeë viru ginn

|
reading time

1 min

D‘Police warnt viru Bedruchstelefonsuriff

Rezent wieren ëmmer méi Fäll gemellt ginn, bei deene Persounen ugeruff an eng Opnam op Englesch virgespillt kruten, an där si gesot kruten, datt een Haftbefeel géint si géif virleien.

reading time

1 min

Police | © Alena.K / Bigstock
Police (Foto: Alena.K / Bigstock)

Krimineller géifen esou meeschtens probéieren u perséinlech Informatiounen, Bankdonnéeën oder Wäertgéigestänn ze kommen, esou d'Police. Dobäi géifen déi Kriminell dacks falsch Telefonsnummeren zum Beispill vun enger offizieller Autoritéit benotzen. Police erënnert drun, datt seriö Verwaltungen, Gesellschaften oder Banke keng esou Demarchë maachen a recommandéiert ni perséinlech Donnéeën u Friemer weiderzeginn an am Zweiwelsfall selwer Kontakt mat der betraffener Verwaltung opzehuelen, fir zeiwwerpréiwen ob et ee Bedruch ass, oder net.